Glëtz, Schnéi, Reen: De Fuerplang fir déi nächst Nuecht & den Dënschdemoien

An der Nuecht op den Dënschden areecht eis eng Waarmfront, un där e ganze Mix aus Nidderschléi méiglech ass.

Waarmfront & d’Gefor vu Glëtz

An der Nuecht op den Dënschden areecht eis aus nordwestleche Richtungen eng Waarmfront, déi sech no a no iwwert déi kill Loftmasse leet, mat deene mir et de Moment ze dinn huet. Duerch dëse Prozess kann et am Ufank net nëmmen zu Schnéischauere kommen, mee zouhuelend och zu Schnéireen a Reen. Dës Drëpse kënnen dann um nach gefruerene Buedem festfréieren an esou zu Glëtz féieren. Et ass net ausgeschloss, dass et um fréien Dënschdemoie lokal begrenzt spigelglat kéint ginn.


Chematesch Duerstellung vun der Entstéiung vun den eenzelne Nidderschlags-Aarten beim Ukomme vun enger Waarmfront | Grafik: weather.gov

De viraussiichtleche Verlaf

Um Méinde selwer ass et dagsiwwer nach gréisstendeels roueg. No engem richteg fraschtege mee oft sonnege Start gëtt et am Laf vum Dag ëmmer méi wollekeg. A Richtung Owend setzt sech dësen Trend fort, d’Wollekendecke gëtt ëmmer méi kompakt. Déi ugekënnegt Front soll iergendwann tëscht 23 an 02 Auer bei eis ukommen, d’Temperature leien zu dësem Zäitpunkt viraussiichtlech bei tëscht -1 an 1 Grad – plazeweis och bei ëm 2 Grad. Iwwert eise Käpp komme méi waarm Loftmassen eragezunn (duerch d’Waarmfront), hei ënnen um Buedem ass nieft der Lofttemperatur och nach d’Buedemtemperatur niddrëg genuch, dass sech d’Nidderschléi um Buedem festsetze kënnen (fréieren). Am Ufank wou d’Front bei eis ass kann et op ville Plaze nach zu eenzelne Flacke kommen, am warscheinlechsten erëm op den héchste Koppen. An de Stonnen drop drängt déi méi waarm Loft aus der Héicht och ëmmer méi wäit no ënnen duerch, wouduerch iwwerall d’Warscheinlechkeet vu Flacke no a no zréckgoe wäert an alles ëmmer méi a Schnéireen an a Richtung Dënschdevirmëtten och Reen ka ginn. Bis ronderëm 07/08 Auer kann et sinn, dass d’Biedem op mannst lokal nach esou kal sinn, dass sech all Form u Nidderschlag un en ofsetze kann – heescht: Gefor vu Glëtz a glate resp. spigelglate Stroossen.


Franséische Modell ARPEGE: Wéi d’Front am Laf vun de nächste Stonnen an d’Land eragezu kënnt | Animatioun: wxcharts.com

Schnéiquantitéiten

Wéi mir et grad gesinn hunn, kann et an der nächster Nuecht trotz Minusgraden um Buedem vun engem gëwessen Zäitpunkt un ufänken ze reenen, resp. ze schnéireenen. Mee do wou et awer nach kuerz schneit, wéi vill Schnéi kann do zesummekommen? Also fir d’éischt mol gesot: ganz onofhängeg dovun, wéi vill erofkënnt – dat wat als neie Schnéi fält wäert net laang bei eis sinn. De Gros vun de Modeller rechent mat eppes ëm 0 bis hin zu 2 cm Neischnéi, fir d’Koppen. Ee Modell, deen de Moment erëm méi optimistesch ënnerwee ass, ass de franséischen ARPEGE mat bis ëm 4 cm. Dëst ass awer ee Wäert, deen ee gären a Fro stelle kann. De Schnéi spillt bei dëser Wiederlag mol eng Kéier net d’Haaptroll. Et geet haaptsächlech dorëm, dass op mannst lokal begrenzt d’Gefor vu glate bis hin zu spigelglate Stroosse bestoe kann.

De Livestream vum 10. Januar 2021 an der Widderhuelung