Virdéicht mol betount: Déi aussergewéinlëch Wiederlaag aus de leschten Deeg mat den extrem niddrëgen Temperaturen hu mir hannert eis. Ët gëtt demnächst méi mëll bei eis zu Lëtzebuerg, waat awer am komplett normale Beräich läit.
Haut ass rëm een vun deenen Deeg, wou d’Wieder vu Plaatz zu Plaatz ënnerschiddlëch ausfaale wärt. Während ët an dem engen Eck schneit, kann ët ë puer Kilometer méi wäit reenen. D’Temperature variéiëren am Daag zwëschen -2° a +2°, soudass de Nidderschlag seng Form stännëg ännere kann. Ab dem Virmëtten ass mat éichte Nidderschléi ze rechnen.
Wiederlaag
An anere Wierder gesoot: Ët kënnt zu engem Austausch vun de Loftmassen. D’Keelt gëtt verdrängt a méi mëll Loftmassen leeë sëch lues a lues iwwer Lëtzebuerg. Dëst si gutt Konditioune vir d’Entstéiung vu Glëtz:
Déi méi mëll Loftmassen si méi liicht, wéi déi kill Loftmassen, déi nach ëmmer bei eis um Buedem “rondrëmschwammen”. Se leeë sëch also iwwert déi kill Loftmassen. Wann elo gefruerene Nidderschlag (z.B Schnéi) opkënnt, da geréit dësen vun den äisëge Loftmassen an déi mëll Loftmassen, wou en entdeet. Knapp iwwert dem Buedem kënnt ën rëm an déi äisëg Loftmassen, wou en awer keng Zäit méi huet, séng Form ze änneren.. Sou fällt en als Reen op den déifgefruerene Buedem a setzt sëch direkt fest. Sou ka séier eng Äisschicht entstoen, déi spigelglaat Stroosse verursaacht.
Wéi gesäit ët also vir haut aus? D’Modeller si sëch nët eenëg driwwer, a wéienger Form de Nidderschlag haut eroofkomme wärt. Ët ass also mat engem Mix ze rechnen, deen awer éichter am Nomëtten dozou tendéiert, als Schnéi oder Schnéireen eroofzekommen. Glëtz ass virun allem an de Virmëttesstonne méigleg a ka sëch an de Mëtten eran zéien. Ët ass awer nët iwwerall domadden ze rechnen, mee éichter lokal begrenzt. Trotzdem gëllt ët awer säi Fuerstil de Wiederkonditiounen unzepassen.
Waat de Schnéi ugeet: Bis zu 5 cm Neischnéi si lokal nët onméigleg. Dëst ass awer iwwerhaapt nët warnrelevant. Ganz niewebäi gesoot: An den Deeg drop schmëlzt en souwisou scho rëm fort.