D’Wiedermodeller bleiwe bei hire Berechnungen a Saache Glëtz. Zumools vun der spéider zweeter Nuetshallschent op e Sonnden heescht et opzepasse, wann een ënnerwee ass. Hei dei neitst Détailer.
Advertisement
Spigelglat Stroosse, Weeër an Trottoire méiglech…
… mee et kënnt awer och nach op e wichtegen Détail un, deen mir och geschwënn beschwätzen. Mir hunn et mat enger Waarmfront ze dinn, déi sech an der Nuecht op e Sonnden iwwert eng kal Loftschicht dréckt, déi bei eis um Buedem läit. Dat geschitt, well waarm Loft méi liicht ass, wéi kal Loft. Se dréckt sech wéi e Käil iwwert déi kill Loftmassen, wouduerch den domat zesummenhänkende Nidderschlag an der éischter Phas nach meeschtens als Schnéi erofkënnt. Am fortgeschrattene Stadium gëtt aus dem Schnéi Schnéireen, bis et just nach Reen ass. Well de Buedem dat lescht “Element” ass, wat vun de waarme Loftmassen erreecht gëtt, kann de flëssege Nidderschlag eng Zäit laang um kale Buedem an och u Géigestänn festfréieren. D’Resultat: Et gëtt glat bis hin zu spigelglat.
Wéi markant d’Auswierkunge vum Glëtz hänkt ganz domat zesumme, wéi laang den Austausch vun de Loftmassen dauert. Wat e méi laang dauert, wat et och méi laang ka schneien. Forméiert sech eng nennenswäert Schnéicouche vun e puer Zentimeter, da géif den Effekt vum Glëtz, deen méi spéit an d’Spill kënnt, net esou grouss ausfalen – et ass nämlech besser, wann de Glëtz op de Schnéi fällt wéi Schnéi op de Glëtz (dat war virun engem Joer de Fall). Sollt sech de ganze Prozess gläichméisseg an d’Längt zéien, wier awer och logescherweis den Zäitraum vum Reen, deen op de gefruerene Buedem fällt, méi laang.
Verschidde Modeller tendéieren a Richtung kuerz Schnéiphas
Wa mir dem momentane Modellstand noginn, da ginn et de Moment Meenungsverschiddenheeten a Saachen Dauer vun der Schnéiphas. Déi däitsch Modellrei vum ICON an och den europäeschen ECMWF gesi just eng Schnéiphas vun héchstens 1,5 oder 2 Stonnen, iwwerdeems de Glëtz wärend eppes méi wéi 4 Stonne soll falen. An dësem Fall géif dat d’Warscheinlechkeet vun enger nennenswäerter Schnéicouche verréngeren, wouduerch de Glëtz eng potenziell méi grouss “Ugrëffsfläch” op “plakesche” Buedem hätt. Mat aberechne muss een awer nach d’Schnéicouche, déi zanter der Nuecht op en Donneschden op de Koppe läit, déi aktuell (03.01.2024 – 15:30 Auer) nach bei eppes méi wéi 3 cm läit. De Risk vun engem méi glaten Zenario ass am Guttland, op d’mannst dëse Modeller no, däitlech méi héich.
Déi amerikanesch an och franséisch Modeller gesinn eng méi laang Schnéiphas, ier et duerno zu net all ze vill Glëtz soll kommen. De Super-HD vu Kachelmannwetter ass mat enger quasi 50/50 Léisung dobäi a gesäit eng bal grad esou laang Schnéi- wéi och Glëtzphas. Duerch dës sollen op de Koppen nach 2 bis 4 cm op déi schonn bestoend Couche dobäikommen, iwwerdeems am Rescht vum Land en dënne Flom bis allerhéchstens 1,5 cm méiglech wier.
De momentane Fazit
Stand elo ass gewosst, dass et am Laf vun der zweeter Nuetshallschent op e Sonnde bis an de Sonndevirmëtten am ganze Land ka glat bis spigelglat ginn. D’Zommen u Nidderschléi, déi um Buedem festfréiere, ginn aktuell haaptsächlech op tëscht 2 a 4 l/m² berechent, am Südweste punktuell och mol op 6 l/m². Aner Modeller gesinn e gutt Stéck méi, mee dës Détailer musse mir bis muer de Mëtten ofwaarden, ier e weideren Update kënnt. Am Verglach zu leschtem Joer, dem 17. Januar 2024, ass dat däitlech manner: Deemools konnte Reenzomme vun tëscht 15 a 25 l/m² um Buedem fréieren, ier dunn de Schnéi koum. Bei der Situatioun vun elo ass nom Glëtz net direkt mat Schnéifall ze rechnen, wat ëmsou méi ënnersträicht, dass déi ustoend Situatioun net esou zolidd gëtt wéi déi vum leschte Joer.