Golf vu Mexiko: Éischten Hurrikan vun der Saison forméiert sech

Sou lues awer sëcher kënnt d’Saison vun den Tropestierm an domadden och Hurrikanen un d’Lafen. Den éischten Hurrikan vun der Saison ass sech amgaangen iwwert dem Golf vu Mexiko ze forméieren.

Aus dem “Potential Tropical Cyclone Two” gëtt “Barry”

Tropesch Wirbelstierm kréien iwwer d’Saison verdeelt Nimm vun A bis Z. Den éischte Stuerm op Tropestuerm-Niveau hat sech schon den 21. Mee 2019 um Atlantik forméiert a krut de Numm “Andrea”, ass awer nëmmen en Dag aal ginn an huet sech an außertropesch Gewässer virubeweegt.

Wann dëse Stuerm en Tropestuerm oder en Hurrikan gëtt, an dono gesäit et och aus, da wärt en de Numm “Barry” kréien. De National Hurricane Center (NHC) vum National Weather Service (NWS) an Amerika rechent domat, dass déi tropesch Stéierung spéitstens de Samsdemëtten d’Stärkt vun engem Hurrikan vun der éischter Kategorie wärt areechen.

Entwécklung vum Hurrikan BARRY – NAM-NEST Wiedermodell

Küstegéigend vu Louisiana a Gefor

De Wiedermodeller no wärt virun allem d’Küstegéigend vu Louisiana uerdentlech eppes ofkréie kënnen. D’Géigende Lafayette, Baton Rouge, McComb, Bogalusa, Gulfport, New Orleans an Houma wieren am Geforegebitt.

Wann de Stuerm u Land trëfft, ass mat Wandstéiss vun 120 bis 170 km/h ze rechnen, ënner Ëmstänn och eppes iwwer 200 km/h. Dëst wärt awer net dat eenzegt sinn – virun allem de Reen an eng potenziell Stuermflut kënne markant ausfalen. Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent bis de Méinde mat akkumuléierte Reequantitéite vu bis zu 760 l/m² westlech vu New Orleans. Den amerikanesche Modell GFS gesäit et net grad esou enk an huet Quantitéite vun 300 bis 470 l/m² an der Simulatioun, wat awer ëmmer nach extrem ass. D’Géigend Houma géif voll dra leien.

Dass de Verlaf awer nach net an drëchenen Dicher ass, dat ënnersträicht d’Berechnung vum kanadesche Wiedermodell. Dësem no sollen déi gréisst Reequantitéiten e grousst Stéck méi wäit westlech bei Lake Charles erofkommen.