Golf vu Mexiko: Tropestuerm KARL geet de Weekend a Mexiko u Land

Nodeems et fir eng ganz kuerz Zäit méi roueg war a Saachen Tropestierm am Golf vu Mexiko huet sech elo den Tropestuerm KARL forméiert.

Entwécklung vum KARL wuel duerch Iwwerreschter vum JULIA getriggert

De System, deen sech an de leschten Deeg an den Tropestuerm KARL verwandelt huet, ass kee neien. Donnéeë weisen, dass d’Virlag fir dëse “neie” System den Tropestuerm an Ex-Hurrikan JULIA ass, deen am fréie Moie vum 9. Oktober am Nicaragua u Land gaangen ass. De Stuerm ass eng Kéier queesch duerch d’Land gezunn an ass dunn zu El Salvador op ee Neits u Land gaangen – dës Kéier awer als Tropestuerm. Tëscht Guatemala City a Cuyotenango haat sech de Stuerm dunn schlussendlech ofgeschwächt a quasi opgeléist – op mannst esou wäit, dass ee per Definitioun net méi vun engem tropesche System schwätze konnt.


Déi aktuell Positioun vum KARL inkl. weiderem Parcours | Grafik: NOAA / NHC

D’Usätz vun engem tropesche System waren awer nach net ganz verschwonn, an esou haat sech ganz onerwaart de Karl forméiert, deen zanter dem 11. Oktober “erëm” en tropesche Stuerm ass. An Tëschenzäit ass en e Stéck eraus op de Golf vu Mexiko gewandert, soll de Modellrechnunge no awer zréckkommen. Sou wéi de National Hurricane Center et gesäit, soll de KARL am Laf vum Samsde bei Coatzcoalcos a Mexiko als Tropestuerm u Land goen. An der Moyenne gi sech Wandvitesse ronderëm 75 km/h erwaart, an de Spëtzten e Stéck driwwer.


Den aktuellen Echo-Top Satellitten-Loop vum KARL | Animatioun: tropicaltidbits.com

D’Waasser iwwert dem Golf vu Mexiko ass ëmmer nach immens waarm. Et ass also net onméiglech, dass de Stuerm am Endeffekt awer en Tick méi intensiv kéint ginn wéi d’Modeller et de Moment aschätzen. Nieft dem Wand ass och erëm mat zolittem Reen an Iwwerschwemmungen ze rechnen.