Golf vu Mexiko: Zwee Wirbelstierm bréngen extrem Reequantitéiten a Wandvitesse vun iwwer 200 km/h

Déi nächst Deeg gi richteg spannend am Golf vu Mexiko. Zwee Wirbelstierm wäerten an de nächste Stonnen/Deeg un der Küst vu Louisiana (oder jee no Ännerung vun der Prognos an der Ëmgéigend) u Land goen.

Eng ongewéinlech Szen spillt sech de Moment am Golf vu Mexiko of. Den Tropestuerm MARCO ass an Tëschenzäit en Hurrikan a soll haut am Laf vum Dag un der Küst vu Louisiana u Land goen. Hannendrun, aktuell nordwestlech vun der Dominikanescher Republik, läit den Tropestuerm LAURA, dee viraussiichtlech de Mëttwoch op der méi oder manner selweschter Plaz soll u Land goen. An domat nach net genuch: déi zwee Stierm kéinten esou no unenee kommen, dass se sech géigesäiteg beaflossen. De Moment gi vill Theorien an de Raum geworf, wéi zum Beispill déi, dass déi zwee Stierm zesummeschmelzen oder dass mam sougenannten Fujiwhara-Effekt ze rechnen ass, bei deem sech de méi schwaache Stuerm ronderëmt de méi staarke Stuerm dréint (Satellitt). Wat genee geschéie wäert, ass de Moment nëmme schwéier erauszefannen. D’Meteorologe vum National Weather Service hunn an dësen Deeg immens vill ze dinn.

Hurrikan MARCO

De Kategorie 1- Hurrikan MARCO läit de Moment (Stand 24.08.2020 – 03:52 Auer) matten am Golf vu Mexiko a soll nach haut am Nomëtten un der Küst vu Louisiana u Land goen. En areecht Spëtzte vun 145 km/h a soll mat Spëtzte vun ëm 100 km/h u Land goen. E wäert also séier un Intensitéit verléieren an op en tropesche Stuerm erofklasséiert ginn, ier de System ëmmer weider a sech zesummefält. Südlech vu New Orleans sinn de Wiedermodeller no Reequantitéite vun ëm 150 l/m² méiglech.


De MARCO trëfft haut nach u Land – Grafik: NOAA

Tropestuerm LAURA

Den Tropestuerm LAURA läit de Moment am Südoste vu Kuba a produzéiert Wandstéiss vun 113 km/h. Iwwerdeems de Kär gréisstendeels südlech u Kuba laanschtsträift, zitt de Rescht vum System awer iwwer d’Insel ewech. Et ass dobäi mat Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 30 an 100 l/m² ze rechnen, bei Havanna kéint et och fir 130 l/m² duergoen.

Vum Dënschden u läit d’LAURA iwwert dem Golf vu Mexiko a gewënnt an de waarme Gewässer däitlech un Intensitéit. De National Weather Service erwaart, dass d’LAURA um fréie Mëttwoch en Hurrikan gëtt. Gleeft een den aktuelle Modellrechnungen, da kéint de System de Mëttwoch/Donneschden als Kategorie 2 oder Kategorie 3- Hurrikan mat Orkanstéiss vun ëm 200 km/h tëscht Lafayette (Louisiana) an Houston (Texas) u Land goen. Et kéint dobäi zu extreme Reequantitéite vun tëscht 100 an 250 l/m² an Zäit vu manner wéi 24 Stonne kommen. Eng liewensgeféierlech Situatioun. Geet et dem amerikanesche Wiedermodell GFS no, kéint Port Arthur besonnesch vill Reen ofkréien. Dem europäeschen ECMWF no soll de Stuerm bei New Orleans u Land goen a nëmme punktuell esou grouss Quantitéite bréngen.


De “nach” Tropestuerm LAURA – Grafik: NOAA

Ganz schwéier Prognos

Wéi scho gesot, komme sech déi zwee Systemer zimmlech no. Se wäerte sech dobäi warscheinlech géigesäiteg beaflossen, wat deemno wéi déi ganz Prognosen op de Kapp stelle kéint. Den Héichtewand vun den zwou staarke Stréimungen kéinte sech genee sou ze pake kréien, dass sech d’Stierm géigesäiteg ofschwäche kéinten. Eng aner Variant wier déi, dass d’Zuchrichtung vun engem vun de Stierm sech nach dramatesch ännere kéint. Eng aner Iddi ass déi, dass déi zwee Systemer iergendwéi matenee verschmëlzen. Egal wéi et kënnt, am südleche Louisiana mee och am Südoste vun Texas ass an de nächsten Deeg mat deels liewensgeféierleche Konditiounen duerch extrem vill Reen a Wandspëtzte vun ëm 200 km/h ze rechnen.


De Lafwee vun den zwee Stierm iwwerteneegeluecht