Grenzgebitt Slowenien & Éisträich: Massiv Iwwerschwemmunge riichte Schued un, méi ass um Wee

An der Nuecht op e Freide si schwéier Donnerwieder iwwert de Süde vun Éisträich & iwwer Deeler vu Slowenien ewechgezunn. Plazeweis si méi wéi 200 l/m² Reen erofkomm, an et ass net eriwwer. Weider onroueg Stonne stinn un.

Titelbild: Grega Pok zu Škofja Loka

Advertisement

Esouguer Brécke mat ewechgerappt

An Éisträich, besonnesch am Süde vu der Steiermark, war an der Nuecht an zwou Gemengen den Zivilschutzalarm aktiv. Et koum zu gréissere Bullislawinnen an “Murenabgänge”. D’Onwieder betrëfft och d’Géigenden ronderëmt déi slowenesch Haaptstad Ljubljana, d’Baachen zu grousse Flëss goufen. Haiser a gréisser Stécker Land stinn ënner Waasser. Verschidden Autobunnen si komplett iwwerschwemmt, esouguer Brécke si laut Meldungen aus de soziale Medien matgerappt ginn.

Weidert Onheel steet un

De Wiedermodeller no stinn de betraffene Regioune fir déi nächst 24 Stonne weider gréisser Reenzommen un. Am Süde vun Éisträich ass mat tëscht 60 a 90 l/m² ze rechnen. Wa mir eriwwer a Slowenien kucken, dann ass um Grenzgebitt zu Éisträich dovun auszegoen, dass nachemol 60 bis 80, lokal 100 l/m² kënnen zesummekommen.


Déi berechent Reequantitéite bis de Sonndemoie fréi laut ICON-EU Modell | Grafik: wxcharts.com

De Raum Ljubljana a virun allem déi Géigende südlech dovun kréien am meeschten of, do sinn tëscht 100 an 130 l/m² méiglech. Eenzel Modeller, wéi z.B de Super-HD vum Kachelmann, gesi lokal esouguer ëm 150 l/m².