Griicheland & Tierkei: Zolitte Wanterabroch mat bis zu 70 cm Schnéi suergt fir Chaos

Zanter dem Weekend huet Griicheland an och d’Türkei mat engem markante Wanterabroch ze dinn.

Titelbild: REUTERS

Griicheland

A Griicheland geet esou gutt wéi guer näischt méi, op mannst mol ronderëmt d’Haaptstad Athen. Um Fluchhafe goufen de Moien 30 cm Schnéi gemooss, zu Tatoi sinn et 40 cm an zu Kasteli op Kreta sinn et esouguer 71 cm. All Zort vu Verkéier ass gréisstendeels zum Stëllstand komm, egal op Fluch-, Zuch-, oder Autostrafic. Et huet esouguer sou staark a vill geschneit, dass dausende Leit zu Athen op enger Autobunn hänke bliwwe sinn.

Dës 1200 Autoen, sou de griichesche Medie no, kruten Ënnerstëtzung vum Militär. 3500 Persoune sinn bis de fréien Dënschdemoien evakuéiert ginn. Wéi d’Police matdeelt, wieren am Zentrum vun der Haaptstad esouguer Schnéikette néideg, well ee soss net wäit kéim. Ee Parameter, deen zu dem ganze Schnéichaos bäidréit, ass, dass et a Griicheland keng Flicht fir Wanterpneue gëtt – a Griicheland an haaptsächlech zu Athen schneit et zwar puer mol am Wanter (däitlech manner oft wéi bei eis), mee ni vill an et bleift och esou gutt wéi ni eppes leien.

Duerch dat enormt Gewiicht duerch d’Schnéicouche sinn och an anere Landesdeeler Stroumleitunge kollabéiert.

Türkei

Och zu Istanbul an der Türkei suergt de Schnéi fir Chaos. De Fluchverkéier gouf bis den Dënschdemëtten 13 Auer hirer Zäit agestallt, mat Optioun zur Verlängerung.

Wat bis och 13 Auer um Dënschdemëtte verbuede gouf ass et, sech mat sengem private Gefiert fortzebeweegen – dat huet den Istanbuler Gouverneur Ali Yerlikaya decidéiert. Och hei hu vill Leit missen d’Nuecht an hiren Autoe verbréngen, well se ageschneit goufen.

Weidere Schnéi duerch Lake-Effekt

De sougenannte Lake-Effekt spillt eng entscheedend Roll bei all deem, wat sech dohannen ofspillt. Iwwert dem ëstleche Mëttelmier läit nämlech en Déifdrockgebitt, wat äiseg Loftmassen aus Russland a Richtung Süden a Südwesten dréckt. Dës Loftmasse zéien iwwert dat schwaarzt Mier ewech, wat e gutt Stéck méi waarm ass wéi déi ëmleiend Loft. Déi waarm Loft steigt an den Himmel an trëfft op déi kill, et entstinn Wolleken. Dës fiicht Loftmassen treffen iergendwann u Land a ginn doduerch gezwongen, sech ze hiewen. Et fänkt u mat schneien, zumools an den Héichlagen och méi kräfteg.


Esou entsteet “Lake Effect Snow” | Grafik: NOAA / weather.gov