Rekordverdächteg a leider och katastrophal Berechnunge fir Griicheland bis en Donneschden: De Modeller no soll et bis zu 1000 l/m² reenen, verschidden eenzel Berechnunge mat bis 2000 l/m² sinn och dobäi.
Modellrechnungen, wéi een se immens rar gesäit
Ech perséinlech hu missen zwee mol kucken, wat d’Modeller do fir Zuelen fir Griicheland berechnen… an dat bis en Donneschden inclus! Déi berechent Dat, wat dohannen an e puer Stonnen/Deeg soll erofkommen, kënnt heiheem an annerhallwem Joer erof.
De Verlaf
E quasi-stationärt Déifdrockgebitt iwwert dem südëstleche Mëttelmier dréint bis de Weekend seng Kreeser op der selwechter Plaz a suergt esou fir immens grouss Reenzommen iwwer Griicheland. Mazedonien, Thessalien, Mëttelgriicheland an de Weste vu Peloponnes leien ënnert enger Alerte Rouge. Den däitsche Modell ICON-EU rechent bis e Freiden inclus mat 640 l/m² Reen, och de Swiss-MRF ass mat 670 l/m² dobäi. Den europäesche Modell ECMWF rechent mat 510 l/m², den amerikanesche GFS mat eppes méi wéi 700 l/m².
Et ginn awer och Modeller mat däitlech méi extreeme Léisungen: De brittesche Modell UKMO rechent mat 833 l/m², den australesch Modell ACCESS-G rechent mat 1935 l/m² an de koreanesche GDAPS ass mat 2418 l/m² Reen dobäi – a nee, dat si keng Tippfeeler.
Natierlech ass unzezweiwelen, dass sech déi extreemst Berechnungen duerchgesat kréien. Egal wéi et kënnt, et wäert extreem vill reenen an et ass mat katastrophalen Auswierkungen ze rechnen. Et ass eng gréisser Naturkatastroph ze erwaarden.