Griicheland, Tierkei, Bulgarien: D’Katastroph geet virun, weidere Reen ze erwaarden

An de leschten Deeg hu mir ëmmer erëm an de Süde vun Europa erofgekuckt, an d’Situatioun ass an Tëschenzäit net vill besser ginn. Vill Mënsche gi vermësst, leider ginn et och Doudesaffer. D’Modeller rechne mat wiederen immens grousse Reenzommen.

Advertisement

Advertisement

D’Tierkei a Bulgarien goufe net verschount

Wéi am leschten Update erwäänt, deemols zwar als Prognos, sinn an Tëschenzäit erëm méi wéi 300 l/m² a Griicheland erofkomm. Zu Karditsa huet et 331 l/m² gereent, aner Statiounen aus den Top 8 sinn all mat iwwer 200 l/m² Reen zanter Mëtternuecht dobäi.

D’Tierkei an och Bulgarien goufe net esou ganz vun den Onwieder verschount. An Tëschenzäit ass bekannt, dass an der Tierkei op d’mannst siwe Leit duerch déi schro Wiederen ëmt d’Liewe komm sinn, zwee dovun zu Istanbul an déi aner zu Kirklareli. Méi wéi 30 Mënsche gi Medieberichter no nach vermësst. D’Waasser, wat d’Stroossen erofgelaf ass, huet sech a gréisser Flëss verwandelt, bal 2000 Gebdaier stinn ënner waasser. Ier de ville Reen och an der Tierkei ukomm war, war et e besonnesch dréchene Summer. D’Peegele waren esou niddereg wéi zanter néng Joer net méi.

A Bulgarien, um schwaarze Mier, sinn op d’mannst véier Mënschen ëmt d’Liewen. Och hei ginn et vill Biller an de soziale Medien vun Autoen, Roulotten a soss Gefierer déi an d’Mier erausgespullt goufen. De Noutstand gouf deklaréiert.

Erëm méi wéi 300 l/m² Reen a Griicheland

Wéi am leschten Update erwäänt, deemols zwar als Prognos, sinn an Tëschenzäit erëm méi wéi 300 l/m² a Griicheland erofkomm. Zu Karditsa huet et 331 l/m² gereent, aner Statiounen aus den Top 8 sinn all mat iwwer 200 l/m² Reen zanter Mëtternuecht dobäi.

De Schued am Raum Thessalien ass enorm. D’Waasser steet deelweis esou héich wéi d’Diecher vun den Autoen, wat och zu Stroumausfäll gesuergt huet. Dëst hat och Auswierkungen op d’Telefonsnetz, zäitweis ass et net esou liicht fir un Informatiounen aus dem Internet ze kommen. De Fluchhafen op der Insel Skiathos huet an Tëschenzäit wéinst dem ville Waasser och missen zoumaachen an et ass nach net gewosst, wéini en erëm wäert opmaachen.

“Schlëmmst Iwwerschwemmungskatastroph bis ewell” net ausgeschloss

D’Ausmooss vun der Katastroph sinn extrem. D’Reenzommen, déi sech plazeweis op méi wéi 1000 l/m² a kuerzer Zäit belafen (méi wéi heiheem an e bësse méi wéi engem Joer) sinn definitiv Wäerter, déi kaum an der Vergaangenheet iwwert dem europäesche Kontinent gemooss goufen. D’Onwieder sinn op en immens waarmt Mëttelmier zréckzeféieren, dat duerch den extrem hëtzege Summer 2023. Am Verlaf vum Hierscht ass wuel leider weiderhin mat neien Onwieder iwwert dem ganze Mëttelmierraum verdeelt ze rechnen.

Weidere Reen ass ënnerwee

Et mengt ee bal, et kéint net sinn, mee et ass ëmmer nach keng Rou a Siicht: D’Wiedermodeller rechne virun allem fir Mëttel-Griicheland mat weiderem massivem Reen.


Déi viraussiichtlech Reenzommen laut ICON-EU Modell bis e Freidemoien 00 Auer | Grafik: wxcharts.com

Dat meescht soll erëm am Raum Larissa erofkommen. Déi eng Modeller gesinn de Schwéierpunkt knapp ëstlech, déi aner nërdlech. Déi berechent Reenzommen pendelen tëscht 200 a 400 l/m², deels nach méi héich. Sollten dës Zommen erofkommen, dann ass d’Theorie vun enger nach ni dogewieschter europäescher Katastroph zimmlech plausibel.

Informatiounsquellen: Météo Boulaide, Tagesschau, X, Facebook