
Duerch kleng Ënnerscheeder a Saache Positioun vun der Loftmassegrenz ass de Reen elo endlech groussflächeg zu Lëtzebuerg ukomm. Fir muer ass weidere Reen ugekënnegt, et bleift awer zimmlech kill.
Advertisement
Loftmassegrenz verleeft zu eisem Virdeel
Wat d’Reequantitéit vun haut ugeet, ass et bis ewell (Stand: 16.04.2025 – 14:25) laanscht de Westen a Süde vum Land am naasste ginn. De Radardonnéeë no sinn do punktuell bal 15 l/m² zesummekomm. an de leschte 24 Stonne sinn et duerch d’ganzt Land gekuckt tëscht 7 a knapp 20 l/m² gewiescht. Eis Wiederstatioun um Hareler Poteau huet haut, zanter Mëtternuecht, 8 l/m² gemooss – zanter gëschter 14 Auer sinn et 10 l/m². D’Statioun vu Baschelt huet zanter Mëtternuecht 9,2 l/m² gemooss, an de leschte 24 Stonne waren et 12,6 l/m².

Dat méi grot a naasst Wieder wäert elo och nach eng Zäit bestoe bleiwen, fir muer gëtt weidere flächendeckende Reen berechent. Zwar sinn d’Modeller a Saache Reequantitéite net all där selwechter Meenung, an awer gëtt et sécher nach weider naass. Déi breet Spaan vun de Modeller geet momentan vun 8 bis hin zu knapp iwwer 20 l/m², déi muer solle falen – fir e Freide wieren et tëscht 4 an 12 l/m², mee vum Moien/Virmëtten u géif et séier méi dréche ginn.
Niddereg Temperaturen, fiichtkal
Momentan leien d’Temperaturen tëscht 7 an 10 Grad, muer wäert et net vill méi waarm sinn. Eréischt fir de Weekend klammen d’Wäerter erëm, den optimisteschste Berechnunge no wiere mir bis e Sonnde mat bis zu 18°C erëm an engem mëlle Beräich ënnerwee. Ob den Thermometer awer esou séier erëm sou wäit klëmmt, muss nach confirméiert ginn. Vum Wieder hier bleift d’Muster variabel, mee d’Zomme wieren däitlech manner héich wéi fir haut a muer.