
Den Trend confirméiert sech: All d’Modeller gesinn an Tëschenzäit, dass sech am Laf vun der zweeter Hallschent vun der neier Woch eng mëll Südweststréimung astellt. Domat wier e Virgeschmaach op d’Fréijoer méiglech.
Advertisement
Markant Ännerung vu Loftmassestréimung ze erwaarden
Nach bis en Dënschdemëtte leie mir zu Lëtzebuerg ënnert dem Afloss vu kille Loftmassen, déi um Rand vun engem massiven Abroch vu polare Loftmasse leien. De Peak vun dëse Loftmassen, mat manner wéi -25°C op 1,5 Kilometer Héicht (dat, wat als Loftmassentemperatur bezeechent gëtt), läit momentan iwwer Russland. Den Afloss vun dëse Loftmasse wäert och an Däitschland geschwënn ofhuelen – mee bis dat och am Osten de Fall ass, dauert et viraussiichtlech nach bis en Donneschden.

Zu där Zäit huet de Wand an eise Géigenden heiheem awer schonn op Südwest gedréint: De Grond dofir ass deen, dass sech e grousst Déifdrockgebitt südlech vun Island installéiert, iwwerdeems ëmmer nach e grousst Héich iwwer Osteuropa läit. Doduerch ginn däitlech méi mëll an deels esouguer fréijoersméisseg Loftmassen aus dem déiwe Süden a Südweste vum Kontinent an eis Géigenden transportéiert. Dës Iddi gouf schonn d’lescht Woch um radio 100,7 esouwéi och am Tageblatt beschwat.
Wat dat konkret fir eis Temperature bedeit
Wa sech an de nächsten Deeg weiderhi näischt Grousses méi un dëse Berechnunge verännert, dann erwaarden eis schonn e Mëttwoch Héchsttemperature vun tëscht 3 a 6 Grad, wat däitlech méi ass wéi aktuell – eenzelne Modeller no wieren och schonn 7 oder 8 net onméiglech, mee dat muss nach ofgewaart ginn. Besser eens si sech d’Modeller vum Donneschden un, tëscht 7 an 11 Grad ginn aktuell majoritär berechent. Fir e Freide geet d’Spaan schonn erëm e gutt Stéck auserneen, bei där sech den europäeschen ECMWF am optimisteschste weist: Dem momentane Stand no wieren tëscht 13 a 15, fläit esouguer 16 Grad méiglech. Aner Modeller gesinn de Maximum tëscht 9 a 14 Grad. Iwwert de Weekend géifen d’Wäerter am Dag weiderhi méi wéi 10 Grad erreechen.
Wat de Frascht betrëfft, wier d’Nuecht op en Donneschden déi lescht (op dës Woch bezunn), an där mir et an de fréie Moiesstonne mat Wäerter vun ëm oder knapp ënnert dem Gefréierpunkt ze dinn hätten. Momentan schwätzt also villes dofir, dass eis de wanterleche Charakter am Laf vun der neier Woch wuel verloosse wäert.