Grousse Schued am Saarland: Downburst, mee keen Tornado duerch Freisen-Asweiler gezunn

60 Kilometer Loftlinn vun heiheem fort sinn eng 30 Haiser esou schwéier vum Donnerwieder beschiedegt ginn, dass se net méi bewunnbar sinn. Mëttlerweil ass gewosst, dass en Downburst um Wierk war a keen Tornado.

Advertisement

Update 14.07.2023:

Wéi virdrun och schonn gesot, wier et nach net ganz definitiv gewiescht, ob et sech ëmt en Tornado gehandelt huet oder net. An Tëschenzäit hunn Analysen erginn, dass d’Schuedensbild zwar immens signifikant ass, mee et sech net ëmt en Tornado gehandelt huet. An dësem Fall war en Downburst um Wierk (warscheinlech Microburst = dat selwecht, just op nach méi klengem Raum). Dës Phänomener kënnen änleche Schued uriichte wéi en Tornado a sinn dofir net vill manner geféierlech.

Ënnert engem Downburst, och nach “Gewitterfallböe” genannt, versteet een, méi liicht erkläert, e grousse naasse Sak deen aus grousser Héicht aus der Wollek op de Buedem gefall kënnt. Soubal um Buedem ukomm, breede sech Wand a Reen mat immenser Vitesse an all Richtung aus. Anescht wéi bei engem Tornado ass bei engem Downburst de Wandprofil divergent, bei engem Tornado konvergent.

Superzellulärt Donnerwieder riicht grousse Schued un

Erkenntnisser Stand 12. Juli 2023:

En Dënschde sinn e puer eenzel, mee deels kräfteg Donnerwieder och bei eis ënnerwee gewiescht. Wéi et ze erwaarde war, war de Risk bei eisen direkte Noperen awer eng Nummer méi héich. Nëmme 60 Kilometer vun eise Grenze fort, zu Freisen-Asweiler am Saarland, ass immens grousse Schued ugeriicht ginn. 30 Haiser goufen immens schwéier beschiedegt, e puer dovu si net méi bewunnbar.

Et ass nach net definitiv, dass et en Tornado war – mee awer ganz warscheinlech. Elo musse fir d’éischt mol weider Analysen duerchgefouert ginn.

Um Owend koum et och nach zu engem Stroumausfall, vundem 90% vun den Haushalter an den Uertschaften Asweiler, Wolfersweiler, Mosberg-Richweiler an Eitzweile betraff waren.

Der Police gouf et 35 Asätz säitens Pompjeeën duerch Beem an Äscht an de Stroossen esouwéi och Gullydeckelen, déi et net méi gepackt haten.