Grousse Stuerm u Silvester? Wat ass drun?

D'Serie "Wat ass drun?" geet virun. Dës Kéier: Risk vun engem zolitte Stuerm u Silvester. Mir geheien e Bléck op déi aktuell Aschätzung vun de Wiedermodeller.

Westwiederlag dominéiert

Wéi mir et an de leschten Deeg gemierkt hunn, leie mir ënnert enger variabler südwestlecher bis westlecher Stréimung. Dës Grousswiederlag huet näischt méi mat wanterlechem Wieder ze dinn, mir beweegen eis tatsächlech erëm an engem iwwerduerchschnëttleche Beräich wat d’Temperaturen uginn.


Den Jetstream u Silvester laut GFS | Grafik: wxcharts.com

Opfalend ass och weiderhin e staarken Jetstream, deen sech a Richtung Silvester verstäerkt iwwer d’Nordséi, den Ärmelkanal & Deeler vun de britteschen Inselen leeë soll. All dëst sinn Indicen op eng erhéicht Gefor vun der Entwécklung vu klenge Stuermdéifer. Mee wat ass elo drun un den éischte Schlagzeilen, déi e gréissere Stuerm fir Silvester op eis duerkomme gesinn?

Déi aktuell Modellrechnungen

Den amerikanesche Wiedermodell GFS weist sech an de leschten Deeg zimmlech “optimistesch” wat méi kräfteg Stuerm-Entwécklungen ugeet. Et ass haut net déi éischt Kéier, dass fir Silvester e Stuerm berechent gëtt, mee et ass schonn bal eng Woch laang de Fall. Wéi ëmmer kann ee sech fir eng Mëttelfristprognos net nëmmen een eenzege Modell ukucken, mee sech e puer Meenungen ukucken. E weidere Modell, deen esou wäit kucke kann, ass den europäeschen ECMWF. Dësen war bis ewell, am Verglach mam GFS, zimmlech roueg ënnerwee. Nëmmen heiansdo ass mol e Laf dobäi, deen tatsächlech stiermesch Léisungen fir déi lescht Deeg vum Joer gesäit. Dës sinn awer dann bei wäitem net esou hefteg wéi dat, wat den amerikanesche GFS opdëscht.

Amerikanesche Wiedermodell GFS

An all eenzelnem Modelllaf vum GFS si Stuermfelder fir BeNeLux dobäi. De nächste méi leftege/stiermesche Moment gëtt fir an der nuecht op den Donneschde berechent, dat mat Spëtzte vu 70 km/h. Duerno passéiert eis de Freiden, 30. Dezember eng Front, bei där nach eng Kéier änlech Vitessen ze erwaarde wieren.


D’Léisung vum GFS fir Silvester | Grafik: wxcharts.com

Den Dag vu Silvester géif et dann, sou wéi et schonn Deeg laang berechent gëtt, spannend ginn. Simuléiert gëtt schwéiere Stuerm mat Vitesse vun tëscht 90 an deels 120 km/h. Dëst Stuermfeld soll eis de Samsdemoie passéieren, a Richtung Owend géif et ëmmer manner lefteg ginn.

A wat seet den ECMWF zu all dem?

Den europäeschen ECMWF huet och méi stiermesch Momenter an der Simulatioun, mee net esou markant wéi de GFS. Sou wéi et den anere Modell och gesäit, passéiert eis an der Nuecht op den Donneschden e Wandfeld. Spëtzte bis 70 km/h si plausibel. E Freide soll et e gudden Tick manner lefteg sinn wéi et de GFS gesäit, dat mat grad emol 60 km/h an de Spëtzten.


D’Léisung vum ECMWF fir Silvester | Grafik: wxcharts.com

Fir e Samsden, also u Silvester, gesäit de Modell am fréie Nomëtte Vitesse vu maximal 75 km/h. De grousse Stuerm-Zenario vum GFS ass also ëmmer nach net an dëser Kaart ukomm.

Fazit

Nach heescht et de Ball flaach ze halen. Eng stiermesch Léisung ka wuel antreffen, mee ob et déi grouss Stuermlag gëtt soll ee mat grousser Virsiicht genéissen. Eréischt dann, wann och den ECMWF ufänkt méi markant Simulatiounen ze weise, gëtt et interessant. Op alle Fall wäert Silvester iwwerduerchschnëttlech waarm verlafen, Schnéi ass ausgeschloss.