Groussregioun: Bis e Mëttwoch Risk vu punktuell kräftege Schliet

Et trëfft net jiddereen, mee op d’mannst punktuell kann et mol zu kräftege Schliet kommen – deemno wéi bis an de warnrelevante Beräich.

Advertisement

D’Situatioun

An der neier Wiederwoch ginn eis, haaptsächlech an der éischter Hallschent, ëmmer nach fiichtwaarm Loftmassen zougeschéckt. Eréischt e Mëttwoch soll et duerch e Kalfrontduerchgang geléngen, dass déi momentan schmeier Loftmass aus eise Géigende verdrängt gëtt. Ier dat de Fall ass, kënne sech iwwert engem breede Korridor, an dem och Lëtzebuerg läit, punktuell begrenzt kräfteg Schliet mat Blëtz an Donner forméieren. De Staarkreen ass am Fokus.

De Verlaf

Vun allen Deeg, also vu muer bis e Mëttwoch, ass den Dag vu muer deen mat der héchster Warscheinlechkeet, dass Donnerwieder optrieden. Eenzelne Modeller no kann dat schonn am Virmëtten de Fall sinn, tendenziell sollt et awer méi eppes fir de Mëtten a Nomëtte sinn. De Berechnunge no kënnen am Fall vu kräftegen Zellen Quantitéite vu bis zu 20 oder 25 l/m² a kuerzer Zäit erofkommen, de Risk vu lokaalen a klenge Knëppelsteng besteet och. D’Thema Wand gëtt just dann relevant, wann tatsächlech kräfteg Zellen entstinn.


Déi potenziell zur Verfügung stoend Energie (CAPE) fir de Méinden | Grafik: wxcharts.com

Spéitstens an der Nuecht beweegt sech de Korridor mam Donnerwiederrisk weider a Richtung Osten, also méi wäit an Däitschland eran. En Dënschden ass d’Warscheinlechkeet fir Schliet zu Lëtzebuerg erëm e gutt Stéck manner héich, an awer kann et haaptsächlech am Nomëtten/spéidere Nomëtte net ausgeschloss ginn. Fir d’Nuecht op e Mëttwoch gëtt vun de Modeller weiderhin d’Warscheinlechkeet vun engem gréissere Reegebitt berechent, an dat och erëm dat engt oder anert Donnerwieder kann dra verwéckelt sinn. Dat selwecht Reegebitt kéint eis dann nach bis an déi éischt Hallschent vum Mëttwoch beaflossen, ier et dann ëmmer méi dréche gëtt.

De Fazit

Virun allem muer um Méinde besteet eng erhéicht Warscheinlechkeet, dass et zu Schaueren an Donnerwieder kënnt. Dës trieden, zumools wann et ëm nennenswäert Intensitéite geet, just punktuell begrenzt op – net jiddereen kritt eppes dovu mat. En Dënschde kann et och nach naass ginn, besonnesch vum Nomëtten un – mee mat däitlech manner grousser Warscheinlechkeet. Déi eenzeg Ausnam ass, Stand aktuell, d’Nuecht op e Mëttwoch.