Groussregioun: Um Méindenowend Risk vun enger Donnerwiederlinn

En Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär iwwer England wäert leien, schéckt eiser Groussregioun muer den Owend eng Kalfront mat enger präfrontaler Konvergenzzon. Un dëser besteet de Risk vun Donnerwieder, déi punktuell méi kräfteg kënne ginn.

Advertisement

En Déifdrockgebitt suergt fir en zweegedeelten Dag

An der éischter Dageshallschent an esouguer driwwer eraus (bis an de spéidere Nomëtten eran) bleift et nach meeschtens dréchen, iwwerdeems d’Zuel vu Wolleken awer méi grouss gëtt. Et gi Maximaltemperature vun tëscht 24 a 29 Grad erwaart, eventuell ass och laanscht d’Musel oder am Raum Ettelbréck eng 30°C net komplett ausgeschloss.

Am Laf vum fréie Nomëtte sollten iwwert dem zentrale bis nordwestleche Frankräich schonn Entwécklungen amgaange sinn, déi sech ënner Verstäerkung a Richtung Nordosten bis Osten ausbreeden. Besonnesch iwwert dem Nordoste vu Frankräich passe Parameteren wéi Changement vun der Wandrichtung- a Geschwindegkeet mat der Héicht, buedemno Loftfiichtegkeet an och CAPE (Convective Available Potential Energy) am beschten iwwerteneen – woubäi d’CAPE-Wäerter dës Kéier net besonnesch héich sinn. Ze erwäänen ass awer, dass un der Linn d’Wäerter fir dat potenziellt zur Verfüügung stoend Reewaasser opfälleg sinn, et gi Signaler fir 30 bis 40 l/m² gewisen. Dëst deit also ganz däitlech op Staarkreen hin, Gefor vun Aquaplaning oder punktuelle kuerzen Iwwerschwemmungen inklusiv.


De méigleche Wee vun der Front laut franséischem AROME-Modell | Animatioun: wxcharts.com

Dës Linn erfaasst am Laf vum Owend och Lëtzebuerg. Bei eis steet primär de Staarkreen am Fokus, mee och de Wand kann deemno wéi mat Spëtzte vu 75 bis ëm 90 km/h opfälleg ginn. Just am Fall wou eis e méi kräftegt Segment vun der Front sollt erwëschen, dann ass eppes driwwer net ausgeschloss. Duerch déi méi niddereg CAPE-Wäerter si Knëppelsteng net onbedingt eng grouss Gefor an éischter eng Ausnam.

Wichteg: Ebe well et sech ëmt eng Linn handelt, falen d’Intensitéite vu Plaz zu Plaz staark ënnerschiddlech aus. Et wäerten also och warscheinlech Plazen dobäi sinn, fir déi et just e bësse Reen mat Gegrommels gëtt. Dat gëllt net nëmme fir eist Ländchen, mee och fir déi relevant Géigende bei eise Noperen.

Wéi gewinnt, wäerte mir d’Situatioun muer den Owend zesumme méi genee am Aen halen.