Haaptsächlech Nordhallschent: Hiweiser viru glate Streckenofschnëtter

Vum Mëttwochnomëtten u klëmmt virun allem an der Nordhallschent de Risk vu glate Streckenofschnëtter – dat duerch Nätzt déi fréiert an och geréngfügege Schnéifall.

Nätzt déi fréiert & gerénge Schnéifall

Iwwert dat ganzt Land gekuckt, leien d’Temperaturen de Moment (19.01.2022 – 16:22 Auer) tëscht -1 an 3 Grad, am wäermsten ass et un der Musel. Am Norde vum Land sinn d’Wäerter am nidderegsten, virun allem un der Nordspëtzt si mir meeschtens bei ëm 0 Grad ënnerwee.

An de kommende Stonne setze sech déi geréngfügeg Nidderschléi fort. Am Süde bleift dëst meeschtens Reen, am Norden ass dat méi warscheinlech Schnéireen a Schnéi. Nieft dem gerénge Gefisems kann et am Laf vum Owend och heiansdo zu lokale schwaache Schauere kommen, déi op de Koppe vum Land och fir gerénge Neischnéi suerge kënnen.

Alles an allem besteet virun allem am Norde vum Land bis an déi fréi Nuecht eran de Risk vu glate Streckenofschnëtter duerch Nätzt déi fréiert an och geréngfügege Neischnéi. An der zweeter Nuetshallschent gëtt et kuerz iwwerall méi mëll, ier d’Temperaturen fir den Donneschdemoien erëm bal iwwerall an de Beräich vum Gefréierpunkt falen. Esou breet sech de Risk vu glate Streckenofschnëtter duerch Nätzt déi fréiert dann och bis an de Süden aus.