Hamm: “Wake Vortex” vu Fliger bléist Zillen vum Daach – Phänomeen erkläert

Wéi RTL mellt, koum et de Moien zu engem raren Tëschefall zu Hamm, bei dem e sougenannte “Wake Vortex” duerch e Fliger Schued un engem Haus ugeriicht huet. D’Wiederkonditioune spillen dobäi och eng Roll.

Titelbild: Symbolbild

Advertisement

“Wake Vortex” oder och nach “Wirbelschleppe”

Wann ee vun engem “Wake Vortex” oder enger “Wirbelschleppe” schwätzt, da gëtt domat haaptsächlech eng Loftverwirbelung beschriwwen, déi duerch d’Beweegung vun engem Fliger ausgeléist gëtt. Se entstinn, wann d’Fligelen oder de Fluchkierper selwer duerch d’Loft “schneiden” an domat zousätzleche Schub & Reiwung veruersaachen. Et kënnt zu groussen Drockënnerscheeder tëscht der ënneschter an ieweschter Säit vun de Fligelen. D’Wake Vortices, déi dann doduerch entstinn, sinn horizontal ausgeriicht Wirbelen, déi deemno wéi och änlech kënnen ausgesinn wéi en Tornado – domat allerdéngs awer näischt ze dinn hunn.


Wéi Wake Vortices entstinn | Grafik: aeropeep.com

Dës Wirbelen sinn an den ieweschte Schichte vun der Atmosphär keng Raritéit, se komme reegelméisseg vir. Se breede sech hannert dem Fliger a Form vun enger Keel aus a kënnen duerch déi méi dënn Loft iwwert eng méi laang Zäit stabil halen. Anescht ass et awer no um Buedem, wou d’Wirbelen wärend dem Start an och der Landung méi séier zesummefalen. D’Loft do ënnen ass nämlech däitlech méi déck an d’Vitesse, mat där de Fliger flitt, ass och méi niddereg.

Wirbelen kënnen de Buedem erreechen

Heiansdo erreechen dës Wirbelen wärend dem Start oder der Landung de Buedem. An immens rare Fäll, wéi et de Moien och zu Hamm geschitt ass, kënnen dës Wirbelen och fir Schued u Gebaier verantwortlech sinn. De Risiko vun dësem rare Phänomeen ass virun allem fir déi Gebaier erhéicht, déi sech direkt ënnert der Fluchbunn an der Géigend vun engem Fluchhafen befannen. D’Konditioune fir dëse Phänomeen si nach méi favorabel, wa mir et mat enger roueger a bal wandstëller Wiederlag ze dinn hunn. An tatsächlech: Aktuell hu mir et mat Héichdrockwieder ze dinn a ronderëmt de Flughafen sinn op Buedemhéicht och keng all ze nennenswäert Wandvitesse virkomm, déi e Wake Vortex direkt auserneerappen.

Wann esou ee “Wake Vortex” oder eng “Wirbelschleppe” de Buedem errecht, da kann et haaptsächlech un de mëttelste Fläche vun engem Daach zu Schued kommen – d’Spëtzte kënne séier zur Opléisung vum dënne Wirbel féieren, deen grad emol 50 cm am Duerchmiesser breet ass. D’Kraaft gëtt also ëmmer just op e ganz klenge Beräich konzentréiert.

Ze erwäänen ass och, dass fest verankert Zillen a Schieferplaquen engem Wake Vortex besser standhalen. Et ass also net ausgeschloss, dass d’Zillen vum Dag zu Hamm net fest genuch waren. Beim Daachdecken oder Hausbau an de Risikozonen ronderëmt Fluchhäfen sollen dës Wirbelen a Betruecht gezu ginn, och wa se zimmlech rar sinn. RTL-Informatioune no wier et schonn virun 10 Joer zu engem änleche Virfall komm.

Am Ausland gouf et änlech Fäll beispillsweis 2013 zu Frankfurt am Main, 2018 zu Ratingen a Nordrhein-Westfalen, zu Hannover an och zu Dortmund.