Hannert der Kalfront vum ANTONIA: Glat Stroossen a Flacke méiglech

Wéi och schonn gëschter ugekënnegt, geroden hannert der Kalfront vum ANTONIA kill a fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg.

Hannert der Front Schnéischauere méiglech

Nodeems d’Kalfront vum ANTONIA duerchgezunn ass, wat a Richtung fréie Moie wäert de Fall sinn, maache sech kill a fiicht Loftmasse breet. Duerch dës kënnt et och hannert der Front nach zu e puer Schaueren, déi a Form vu Schnéireen an och mol Schnéischaueren erofkomme kënne – besonnesch op de Koppen am Norde vum Land. Esouguer och um Méinden kann et dagsiwwer nach zu eenzelne Flacke kommen. Glat Stroosse sinn ze erwaarden, et ass e Wiederhiweis aktiv.

Wierklech nohalteg ass dës Entwécklung net, well mir ënnert enger westlecher Stréimung hänke bleiwen an doduerch net genuch Stabilitéit besteet, dass dës kill a fiicht Loftmassen iwwert eng méi laang Zäit bei eis bleiwe kënnen. De nächsten Zenario, deen änlech verlafe kéint, kéint et um kommende Freide ginn.