Haut ass kalendaresche Wanterufank

Nodeems de meteorologesche Wanter schonn den 1. Dezember ugefaang huet, ass haut och de kalendaresche Wanter ugaang. Wat ass iwwerhaapt den Ënnerscheed tescht der meteorologescher an der kalendarescher Joreszäit?

Déi kalendaresch Joreszäiten

Am Juni erreecht d’Äerd dee Punkt op der Ëmlafbunn, vun deem un den Nordpol der Sonn am meeschten zougeneigt ass. Dëst ass och den Zäitpunkt, wou d’Sonn logescherweis hiren héchste Stand um Himmel erreecht. D’Ried ass vun der Sommersonnenwende.

D’Sommersonnenwende markéiert dee längsten Dag vum Joer an och de Start vum kalendaresche Summer op der Nordhallefkugel. Dee selwechten Dag fänkt am Süden de kalendaresche Wanter un.

Am Dezember kënnt et zur Wintersonnenwende. Bei der Wintersonnenwende geschitt dat selwecht wéi bei der Sommersonnenwende, just ëmgekéiert. D’Sonn erreecht op der Nordhallefkugel den niddregsten Héchststand um Himmel. Et ass de kierzten Dag vum Joer, deen den Ufank vum kalendaresche Wanter markéiert. Op der Südhallefkugel ass vun dësem Zäitpunkt u kalendaresche Summer.

All kalendaresch Joreszäit fänkt matten am Mount un. D’Fréijoer tëschent dem 20. an dem 22. Mäerz, de Summer den 21. Juni, den Hierscht tëschent dem 22. an dem 23. September an de Wanter tëschent dem 21. an dem 22. Dezember.

Déi meteorologesch Joreszäiten

Aneschters wéi bei de kalendaresche Joreszäite fänken déi meteorologesch Joreszäiten ëmmer genee am Ufank vun de Méint un. Dat heescht also, datt vum 1. Mäerz u Fréijoer, vum 1. Juni Summer, vum 1. September Hierscht a vum 1. Dezember u Wanter ass.

De Grond dofir ass ganz simpel: Sou gëtt d’Auswäertung vun de Wiederdate vereinfacht, well ee mat ganze Méint rechne kann. Et handelt sech also ëm eng vereinfacht Andeelung vun de Joreszäiten.