Haut ass meteorologesche Summerufank! Den Ënnerscheed tëscht Kalenner a Meteorologie erkläert

Vun haut un, dem 1. Juni, ass meteorologesche Summerufank! Wéi kommen d’Joreszäiten iwwerhaapt zustanen a firwat dauert et nach e bësse, bis et och kalendaresch esouwäit ass?

Advertisement

Déi kalendaresch Joreszäiten

Wéi kommen déi eenzel Joreszäiten eigentlech zustanen? Als Basis huele mir de Fakt, dass d’Achs vun der Äerd net am rechte Wénkel zu der Sonn steet. Et ass also ëmmer eng Halschent vun der Äerdkugel, déi der Sonn méi zougedréint ass, wéi déi aner. Ass d’Nordhallefkugel der Sonn zougeneigt, dann ass do Summer. Zur selwechter Zäit ass op der Südhallefkugel awer Wanter.


D’Konzept vun de kalendaresche Joreszäiten | Grafik: timeanddate.de

Unzemierken ass awer, dass de Neigungswénkel vun der Äerd ëmmer de selwechten ass. Dass sech am Laf vun der Zäit déi eng Hallefkugel der Sonn méi zouneigt wéi déi aner, huet mat der Ëmkreesung ronderëm d’Sonn ze dinn. Wier de Neigungswénkel beispillsweis dat ganzt Joer iwwer am rechte Wénkel zu der Sonn, da géif et keng Joreszäite ginn.

Tagundnachtgleiche

Zwee mol d’Joer gëtt et awer eng Ausnam: Am März an am September gëtt et jeeweils een Zäitpunkt, bei dem d’Äerd-Achs tatsächlech am rechte Wénkel zu der Sonn steet. Dat ass och dee Moment, wou d’Sonn hiren Héchststand genee iwwert dem Äquator fënnt. Dës Konstellatioun gëtt och nach “Tagundnachtgleiche” genannt. D’Tagundnachtgleiche, déi all Joer am Mäerz virkënnt, kënnegt d’kalendarescht Fréijoer vir d’Nordhallefkugel un. Zur selwechter Zäit gëtt et op der Südhallefkugel kalendareschen Hierscht. Bei der Tagundnachgleiche am September geschitt de Géigendeel: op der Nordhallefkugel gëtt kalendareschen Hierscht, op der Südhallefkugel kalendarescht Fréijoer.

Sommer- & Wintersonnenwende

Am Juni erreecht d’Äerd dee Punkt op der Ëmlafbunn, vun deem un de Nordpol der Sonn am meeschten zougeneigt ass. Dëst ass och den Zäitpunkt, wou d’Sonn logescherweis hiren héchste Stand um Himmel areecht. D’Ried ass vun der “Sommersonnenwende”. D’Sommersonnenwende markéiert de längsten Dag vum Joer an och de Start vum kalendaresche Summer op der Nordhallefkugel. De selwechten Dag fänkt am Süden de kalendaresche Wanter un.

Am Dezember kënnt et zur “Wintersonnenwende”. Bei der Wintersonnenwende geschitt dat selwecht wéi bei der Sommersonnenwende, just emgekéiert. D’Sonn erreecht op der Nordhallefkugel de nidderegsten Héchststand um Himmel. Et ass de kierzten Dag vum Joer, deen den Ufank vum kalendaresche Wanter markéiert. Op der Südhallefkugel ass ab dësem Zäitpunkt kalendaresche Summer.

All kalendaresch Joreszäit fänkt matten am Mount un. D’Fréijoer tëschent dem 20. an dem 22. Mäerz, de Summer den 21. Juni, den Hierscht tëschent dem 22. an dem 23. September an de Wanter tëschent dem 21. an dem 22. Dezember.

Déi meteorologesch Joreszäiten

Anescht wéi bei de kalendaresche Joreszäite, fänken déi meteorologesch Joreszäiten emmer genee am Ufank vun de Méint un. Dat heescht also, dass ab dem 1. Mäerz Fréijoer, dem 1. Juni Summer, dem 1. September Hierscht an dem 1. Dezember Wanter ass. De Grond dofir ass ganz simpel: Sou gëtt d’Auswertung vun de Wiederdate vereinfacht, well ee mat ganze Méint rechne kann. Et handelt sech also em eng vereinfacht Andeelung vun de Joreszäiten.