Um Freidenowend: Hallefschiet- Mounddäischtert

Haut den Owend kënnt et zu der éischter vun am ganzen dräi Hallefschiet- Mounddäischterten vun dësem Joer. Stellt sech just d’Fro, ob d’Wieder och matspillt.

Hallefschiet- Däischtert: Mound gëtt net ganz verdeckt

Bei enger Hallefschiet- Mounddäischtert verschwënnt de Mound net ganz am Kärschied vun der Äerd, mee haaptsächlech am Hallefschiet. Am Fall vun der Däischtert haut den Owend verdonkelt den Hallefschied virdéischt den ënneschden Deel vum Mound a wandert dann ëmmer méi wäit no uewen. Wärend dem Maximum verdonkelt e sech dann haaptsächlech ënne riets, de Kärschied wäert sou just net ze gesi sinn.

De Mound wäert um 16:35 Auer opgoen a fänkt sech um 18:07 Auer lues a lues un ze verdäischteren. Den Hallefschiet zitt sech dobäi, wéi gesot, vun ënne no uewen. Déi maximal Däischtert gëtt um 20:10 Auer areecht – de Mound ass dann an engem Wénkel vun 30,4° um Osthimmel ze gesinn. Dat ganzt ass net sou spektakulär wéi z.B bei enger totaler Däischtert mat Bluttmound, schéin unzekucken ass et awer ëmmerhin.

Duerno gëtt de Mound rem no a no méi hell, e beweegt sech no a no aus dem Hallefschiet eraus. Um 22:12 Auer wäert déi ganz Däischtert eriwwer sinn – zu dësem Zäitpunkt steet en op 48,9° a Richtung Ost-Südost.

Wéi sinn d’Observatiouns-Konditiounen?

D’Verdäischtertung vum Mound gesäit ee mam bloussen Aen, et si keng speziell Moossname néideg. Et kann ee gär mol eng Spektiv mat dobäi huele, mee dat sollt déck duergoen.

Mee wéi gëtt d’Wieder? Aus aktueller Siicht gesinn (10.01.2020 – 04:33 Auer) kënnt et bis an de fréie Mëtten era mol nach méi oft zu Schaueren. Duerno gëtt et ëmmer méi drëchen an um Owend gëtt et och no a no manner wollekeg. Dëst geschitt awer wierklech just ganz lues, soudass dat Ganzt viraussiichtlech ënner net wierklech ganz gudde Konditiounen ze kucken ass. Héchstens duerch Wollekelücke kann een et mol probéieren.