Um Dënschdenowend: “Pink Moon” iwwer Lëtzebuerg ze gesinn

Et ass erem souwäit: de Mound areecht déi geréngst Distanz zur Äerd a kënnt eis haut den Owend resp. an der Nuecht besonnesch grouss vir.

Rem Zäit fir e Supermound

Ënnert dem Begrëff “Supermound” versteet een entweder e Vollmound oder Neimound, deen héchstens 360.000 Kilometer vum Äerdmëttelpunkt fort ass. De Géigendeel dovu gëtt och nach “Minimound” genannt – an dësem Fall ass de Voll- oder Neimound méi wéi 405.000 Kilometer vum Äerdmëttelpunkt fort. Dës Begrëffer sinn an der Astronomie awer net unerkannt an déngen haaptsächlech zur Erkläerung vum Phänomen der Ëffentlechkeet géigeniwwer. Déi geréngst Distanz gëtt bei dësem Super- Vollmound haut den Owend (Dënschden, 07. Abrëll 2020) géint 20:08 Auer areecht.

Am spektakuläersten ass dat Ganzt vi kuerz no 19:28 Auer un ze observéieren, wann de Mound lues a lues a Richtung Osten (91°) opgeet. Duerch déi sougenannt “Moundtäuschung”, enger optëscher Täuschung, gesäit de Mound zousätzlech méi grouss aus. Dat besonnescht un der sougenannter Moundtäuschung ass, dass de Mound, wann en um Horizont steet a nach méi grouss ausgesäit, eigentlech 6.400 Kilometer méi wäit vun eis ewech ass, wéi wann en um héchste Punkt um Himmel steet (Zenit). Eng optesch Täuschung, zu där et awer nach keng ofschléissend Erkläerung gëtt. Gewosst ass awer, dass d’Äerdatmosphär d’Siicht a Richtung Mound, wann e bei eis knapp iwwert dem Horizont steet, verzitt.

100%ege Vollmound gëtt muer um Mëttwochmoie 04:36 Auer areecht, ier en uschléissend um 07:32 Auer a westleche Richtunge rem ënnergeet.

Firwat ass de Mound net wierklech pink?

Fir de Begrëff “Pink Moon” ze fanne, muss ee méi wäit an der Geschicht zréckgoen. An de 1930er Joren ass dëse Begrëff an der “Maine Farmers Almanac” opgedaucht, engem landwirtschaftlechen Dokument aus den USA. Doranner si fir d’éischte Kéier indianesch Bezeechnunge fir Vollmounde genannt ginn. An dësem Dokument ginn d’Vollmounden, déi an engem Abrëll optrieden, “Pink Moon” genannt. De Mound wäert sech awer, trotz flottem Numm, net wierklech pink fierwen. Vill méi bezitt sech dëst op d’Bléi vun der Polster-Phlox Planz. Dës Kreider waren an Deeler vun den USA wäit verbreet an haten déi onverwiesselbar rosa Bléi.

De Pink Moon ass allerdéngs net déi eenzeg US-amerikanesch Bezeechnung fir e Vollmound am Abrëll: och “Sprouting Grass Moon”, “Egg Moon” oder “Fish Moon” si verbreet Begrëffer.