No de schroen Onwieder mat deels 8 cm décke Knëppelsteng iwwert dem zentralen an ëstleche Frankräich um Samsden verlagert sech d’Onwiederzon elo haaptsächlech an de Süde vun Däitschland & an den Alperaum. Wat dat fir Lëtzebuerg bedeit, fannt Dir an dësem Artikel.
Oflaf
Hiweis: Dëst ass en Ausschnëtt aus dem Convective Outlook fir haut.
De ganzen Outlook fannt Dir hei.
An der Nuecht op de Sonnden schwappe lues a lues Iwwerreschter vun den Donnerwieder, déi sech um spéidere Samsdenomëtten iwwer Frankräich ofgeschwächt hunn, an Deeler vun der Schwäiz mee awer och Baden-Württemberg eran. Dës kënnen dann schonn punktuell kräfteg ausfale, virun allem a Saache Staarkreen. Lokal si Knëppelsteng net ausgeschloss.
Eng aner Zon wou sech och Donnerwieder-Reschter hibeweegen ass den äusserste Nordoste vu Frankräich souwéi de BeNeLux & de Beräich ronderëm d’Saarland/Rheinland-Pfalz. Hei läit de Fokus och haaptsächlech um Staarkreen, mee d’Intensitéite sollte sech, bis op e puer Ausname, meeschtens a Grenzen halen.
Dat wat a Baden Württemberg eragezunn ass, verlagert sech bis an de spéidere Sonndenomëtten era lues a lues iwwert den Alperand/Alperaum selwer an de Südoste vun Däitschland eran. Besonnesch vum spéidere Nomëtten u kënne se sech iwwer Westbayern staark intensivéieren, soudass de Risk vu schwéiere Stuermstéiss bis hin zu orkanaartege Wandstéiss, grousse Knëppelsteng an zolittem Staarkreen mat dobäi kënnt. Dës Aktivitéit breet sech dann a Richtung Osten a Südosten aus.
Mat der anerer Zon, déi och am Laf vun der Nuecht de BeNeLux an de Raum ronderëm d’Saarland a Rheinland Pfalz erreecht, weist sech bis an de fréie Virmëtten era nach weiderhin éischter e gutt Stéck ofgeschwächt. Eréischt vum Mëtten/Nomëtten u soll sech dës Zon quasi “re-aktivéieren” a besonnesch Deeler vu BeNeLux, Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz, Hessen an och mol Deeler vu Niedersachsen de Risk vun Donnerwieder mat punktuell méi kräftegem Staarkreen a klenge Knëppelsteng an d’Luucht drécken. Dat mat de Knëppelsteng ass esouguer méi a Richtung Oste vun de genannte Gebitter am warscheinlechsten, also vu BeNeLux fort.
Alles an allem besteet virun allem iwwert der Mëtt vun Däitschland de Risk vu punktuellen Onwieder, iwwerdeems se iwwer Bayern an Ueweréisträich méi zolitt a méi fréquent optriede sollen. Och den Alperaum esouwéi Norditalien ass vun dësem Haaptrisikogebitt betraff.
Fir Lëtzebuerg bedeit dat, dass et bis an de Nomëtten era punktuell zu Staarkreen komme kann, dat entweder a Verbindung mat engem Donnerwieder oder och net. Eng richteg Onwiederlag erwaart eis net, et ka just lokal net ausgeschloss ginn, dass et ënnert verschiddenen Zellen e bësse méi markant gëtt.
Fir all Géigend gëllt: et gëtt, wéi ëmmer, nach laang net jiddereen getraff.