Haut: Mat bis zu 30 Grad a liicht driwwer éischten Hëtzt-Dag méiglech

Haut um Mëttwoch kënnen d’Temperature fir eng éischt Kéier dëst Joer op bis zu 30 Grad an deemno wéi liicht driwwer klammen.

Wou besteet déi héchst Warscheinlechkeet?

De Mëttwoch gëtt net nëmmen de wäermsten Dag vun der Woch, mee e kann esouguer de bis ewell wäermsten Dag vum Joer ginn. Generell leien d’Temperaturen haut tëscht 26 an 30 Grad, lokal kann et och ganz liicht driwwer goen. Mee wou ass dann iwwerhaapt lokal?

Déi gréisst Warscheinlechkeet vun Temperature bis 30 Grad a liicht driwwer ginn et haut am Nomëtten a Richtung Südoste vum Land. Vu Mondorf bis erop op Waasserbëlleg hu mir eng Zon, wou knapp iwwer 30 Grad net kënnen ausgeschloss ginn. Aner Géigenden wier de Beräich ronderëmt eis Haaptstad, mee awer och Péiteng an d’Ettelbrécker/Dikrecher Ëmgéigend.

Vum Donneschden u gëtt et iwwerall am Land manner waarm – et bleift awer vun den Temperaturen hier summerlech.