Dënschden: Schaueren an eenzel Donnerwiederen ze erwaarden

Haut um Dënschden wärt et no a no ëmmer méi naass ginn. Ab dem Nomëtte kënnt d’Wahrscheinlechkeet vun dem engen oder aneren Donnerwieder dobäi.

Mëll Loftmasse gi verdrängt

Am Virfeld vun enger Kaalfront wärt et um Dënschden zu Schauere kommen. Lokal begrenzt kann et och vir d’Entstéiung vun dem engen oder aneren Donnerwieder duergoen. D’Temperature packen et op e Maximum vun 10 bis 16 Grad. Am Fall vun engem Donnerwieder kann zumols Staarkreen optrieden. Niewebäi besteet och nach eng kleng Wahrscheinlechkeet vu staarke Wandstéiss (50 bis em 70 km/h) a klenge Knëppelsteng. Eppes aussergewéinleches steet awer éichter net um Plang. Um Owend an an der Nuecht reent et zwar weider, d’Donnerwiederneigung hëllt awer of.

Déi méi kill Loftmasse kommen an der Nuecht op de Mëttwoch eragezunn. Dat wärt dovir suergen, dass et och bei eis um Buedem méi kaal gëtt. Um Mëttwoch an och um Donneschde sollen d’Temperaturen am Dag just nach bei 4 bis 8 Grad leien, zäitweis ass am héije Norden och mol eng Flack ënnert dem Reen. De Wand gëtt méi schwaach, wéi e nach um Dënschde war, a packt et nach op Spëtzte vun 20 bis 30 km/h. Vum Freiden un klammen d’Temperature rem Stéck vir Stéck.

Déi mëll Loftmass gëtt verdrängt. Modell: ICON (wxcharts.com)