Haut um Mëttwoch: Lëtzebuerg registréiert éischten Hëtzt-Dag vum Joer 2022

Haut um Mëttwoch sinn d’Temperaturen zu Lëtzebuerg op iwwer 30 Grad geklommen, et ass den éischten Hëtzt-Dag vum Joer 2022.

Liicht iwwer 30 Grad

Wéi virausgesot, sinn d’Temperaturen haut zu Lëtzebuerg op e Neits e gutt Stéck an d’Luucht gaangen. Iwwerall am Land war et esou richteg waarm, un de meeschte Statioune sinn op mannst 27 Grad gemooss ginn.

Déi éischt Plaz deele sech haut d’Kachelmannstatioun vun Ettelbréck an d’ASTA-Statioun vu Beetebuerg mat 31,3 Grad. Op zweeter Plaz ass d’ASTA-Statioun vu Gréiwemaacher mat genee 31 Grad, direkt hannendrun d’ASTA-Statiounen Biereng a Steesel mat 30,8 Grad. Wolz war mat 30,6 Grad dobäi, iwwerdeems den Thermometer un der ASTA-Statioun zu Réimech op 30,4 Grad geklommen ass. Un der ASTA-Statioun zu Rued war et mat 0,1 Grad nëmme knapp manner waarm.

Weider Temperaturwäerter vun haut fannt Dir ënnert dësem Link.