Haut viru 45 Joer: Vu +8°C op -18° an Zäit vu 24 Stonnen duerch Loftmassegrenz

Mir ginn zréck an eng Zäit kucken, an där et an de Wantere nach wierklech Wanter war. U Silvester 1978/1979 hate mir et duerch eng markant Loftmassegrenz mat immensen Temperaturchangementer ze dinn.

Advertisement

Advertisement

Immens Loftmassegrenz iwwer Mëtteleuropa

Deemools louch mat tëscht 40 cm bal 1 Meter net nëmmen immens vill Schnéi: Viru 45 Joer hate mir et mat enger massiver Loftmassegrenz ze dinn. Deemools louch e grousst Déifdrockgebitt iwwert der Ukrain, iwwerdeems en Héichdrockgebitt iwwert dem Weste vu Frankräich & de britteschen Insele louch. Dëst Héich war fir den Transport vun den immens kille Loftmasse verantwortlech an huet haut virun engem Joer, den 31. Dezember 1978, fir eng immens Loftmassegrenz iwwert eise Käpp gesuergt.


Grafik: wetterzentrale.de, Edit: Météo Boulaide

Zu Lëtzebuerg louchen d’Temperaturen um Moie vum 31. Dezember 1978 nach bei ëm 8 Grad, si fir d’Mëttesstonn awer dunn op 1 Grad an der Stad gefall. Am Norde vum Land ware mir schonn an de Minus geroden. Mam weidere Verlagere vum Héich a Richtung Westfrankräich sinn déi kill Loftmassen ëmmer méi wäit an de Süde virukomm. Géint 17 Auer louche mir um Findel schonn bei -5 Grad, iwwerdeems am äusserste Norde schonn bal un de -10 Grad gekrazt gouf.

Wa mir eis Nopeschlänner ukucken, da gëtt d’Loftmassegrenz awer vill méi däitlech: Iwwerdeems d’Nordhallschent vun Däitschland schonn tëscht -8 an -19 Grad gemooss huet, war et am Süde vun Däitschland nach 0 bis 10 Grad “waarm”. Um fréie Moie vum 1. Januar 1979 war et dunn iwwerall esouwäit: Déi immens kill Loftmassen haten de Kontinent geflut, zu Lëtzebuerg louchen d’Wäerter mat -18 Grad net méi all ze wäit ewech vun de -20 Grad. Iwwert der Mët vun Däitschland bis erop op Berlin goufe lokal ënner -22 Grad gemooss.

Bis ronderëmt den 21. Januar 1979 hate mir et op de meeschte Plazen zu Lëtzebuerg mat Dauerfrascht ze dinn – eppes, wat ee sech haut bal net méi ka virstellen.