Haut ass et op den Dag genee schonn fënnef Joer hier, dass de staarken Tornado iwwert de Raum Käerjeng, Péiteng, Lénger a Bascharage ewechgezunn ass. Mat dësem recycléierten Artikel vun deemools maache mir e Réckbléck op d’Naturkatastroph.
Titelbild: Moreno Spano (lénks), Maryse Yvonne Koneczny-Flammang (riets)
Advertisement
Synoptik vum 09. August 2019
Un dësem Dag louche mir ënnert dem Afloss vum Stuermdéif YAP, wat mat sengem Kär iwwert de briteschen Inselen louch. D’Kalfront vun dësem Stuermdéif huet eis am Nomëtte passéiert. Virum Passage vun der Front louche mir an enger westlecher bis südwestlecher Stréimung, soudass engersäits déi waarm Loftmassen aus Südeuropa an anerersäits déi fiicht Atlantikloft an eis Géigende gelenkt ginn ass. D’Resultat: Eng extrem schmeier Loft. Am Nomëtte goufen deelweis Taupunkter vun iwwer 20 Grad gemooss, dat bei Lofttemperature vu 24 bis 30 Grad. Mat dobäi koum eng ausgepräägt Wandscherung vum Buedem bis wäit erop. D’Wandscherung beschreift d’Wandrichtungs- a Geschwindëgkeetsännerung mat der Héicht. Wat och nach matgespillt huet, war d’Instabilitéit an der Atmosphär. Dës kann ënnert anerem mat de Parameteren Lifted Index, K-Index an CAPE ausgedréckt ginn. CAPE steet fir “Convective Available Potential Energy” a beschreift déi potenziell zur Verfügung stoend Energie, déi sech bei engem Donnerwieder entluede kann. Mat Wäerter vun 1200 bis 1800 J/kg war de Wäert zwar net sou extrem héich, mee zesumme mat den anere Parametere geet dëst scho fir markant Evenementer duer. Héichopléisend Wiedermodeller hu schonn um Owend virdrun Hiweiser drop gewisen, dass all Donnerwieder, wat sech am Beräich vun dëser Kalfront entwéckelt, an an de Géigende vum Nordoste vu Frankräich, dem Oste vun der Belsch, Lëtzebuerg, an dem Weste souwéi der Mëtt vun Däitschland läit, dozou capabel ass, zu enger Superzell ze ginn.
Superzellen an hir Entstéiung
Mee wéi entsteet eng Superzell iwwerhaapt? Eng Superzell ass am Ufank e ganz normaalt Donnerwieder. Donnerwieder si vu wäitem oft als héich, ambossförmeg Wolleken ze erkennen. D’Ambossform kréie se, wann eng Cumuluswollek sou héich an den Himmel wiisst, bis se net méi weider wuesse kann. Dat ass an ongeféier 12 Kilometer Héicht. D’Wollek breet sech also net méi no uewen aus, mee horizontal. Dës Wollekeformatioun gëtt Cumulonimbus genannt.
Well des Wollék eben 12 Kilometer a bei Ausname souguer nach méi héich ka ginn, befënnt se sech an ënnerschiddleche Loftschichten. Wa vum Buedem aus, iwwer d’Wollékebasis eraus bis uewen un d’Spëtzt de Wand aus verschiddene Richtungen a mat enger ënnerschiddlecher Vitesse bléist, also déi vu virdrun ugeschwat Wandscherung, kënnt et zu enger horizontaler Verwirbelung. All Donnerwieder huet en Opwandberäich, also e Beräich, wou déi fiichtwaarm Loftmasse no uewen an den Donnerwiedertuerm eragesaugt ginn an de System um Liewe gehale gëtt. Dësen Opwand dréckt elo déi horizontal Verwirbelung vun ënnen an d’Vertikaalt, soudass de ganzen Opwandberäich ufänkt, sech em seng eegen Achs ze dréinen. Gëtt dësen Zoustand iwwer eng gutt hallef Stonn bäigehalen, da schwätzt een meteorologesch gesinn vun enger Superzell.
De Verlaf vum Tornado-Dag
Un dësem Dag waren direkt zwou Superzellen an eiser Ëmgéigend. Déi éischt ass tësche 17:15 a 17:55 mat sengem Mesozyklon, also dem rotéierendem Opwand, ganz knapp südëstlech un eisem Land laanschtgezunn. En Tornado huet dës Superzell awer kee produzéiert.
Um 17:30 Auer ass den Hook Echo ëmmer méi däitlech ginn an och um Dopplerradar konnt een eng staark Rotatioun erkennen. Op engem Dopplerradar gesäit een d’Waasserdrëpsen, déi a Richtung Radarstatioun zéien an déi, déi vum Radar fort zéien. Net nëmmen d’Richtunge gesäit een, mee och d’Vitesse. Hellgréng entsprécht op de Radarkaarte vum Kachelmann enger Geschwindegkeet vun 115 km/h a Richtung Radar, hellrout Vitesse vun 115 km/h vum Radar fort. Genee do, wou den Hook Echo war, ware lauter hellgréng an hellrout Signaturen direkt niewenteneen. Zu dësem Zäitpunkt war mir kloer, dass wuel eng kräfteg Superzell eist Land erwësche wäert. Et war zu deem Zäitpunkt nach net gewosst, dass wierklech een Tornado um Buedem war. Iwwer meng Servicer hunn ech awer aus Sécherheetsgrënn an engem Update géint 17:33 Auer betount gehat, dass et opgrond vun der rotéierender Opwandbasis zu deementspriechende Begleeterscheenununge komme kéint. Leider ass dëst och sou agetraff.
Duerch déi extrem héich Loftfiichtegkeet a Buedemhéicht houngen d’Wolleken zimlech déif. Dëst spillt der Entwécklung vun engem Tornado an d’Kaarten. De Radar-Daten no war den Tornado géint 17:35 mat Sécherheet schonn um Buedem, dat am Beräich Lonkech an ass tësche 17:43 a 17:50 iwwer Péiteng ewechgezunn. D’Superzell huet sech vun do aus weider a Richtung Nordoste beweegt an ass nach iwwer Mamer an duerno nërdlech un der Haaptstad laanschtgezunn. Den Tornado huet sech méiglecherweis awer scho kuerz virun Dippech opgeléist. Am weidere Verlaf ass d’Superzell ëmmer méi schwaach ginn, et war just nach e normaalt Donnerwieder. D’Reschter dovu sinn iwwert den Oste vum Land an Däitschland eriwwergezunn an hunn op hirem Wee nach fir deels zolidd Schliet gesuergt.
De Schued, deen am Beräich Péiteng a Käerjeng ugeriicht ginn ass, war erstaunlech. Geparkten Autoen goufe vun hire Parkplazen ewechgedro, deels souguer méi wéi 20 Meter wäit. En Daach ass an der Géigend vun der Place du Marché zu Péiteng op e Parking gefall. Duerch déi zolidd Kraaft vum Wand ass een vun den do geparkten Autoen op dësem Daach gelant.
Stroosseschëlter an Stolgitter-Héichspannungsleitunge goufe wéi Fixspéin ëmgeknéckt. Zille, Staangen, Schieferplaquen an aner Géigestänn stouchen an de Fassaden dran. Vill Diecher goufe staark beschiedegt, ganz vill Haiser a Gebaier goufe komplett ofgedeckt. Déck Maueren aus Beton hunn dem Drock vum Wand net méi Stand gehalen, souguer Betons-Pilieren goufe vum Wand versat. E puer Zeie schwätzen dovu, wéi se gesinn hunn, dass den Tornado deels ganz Beem aus dem Buedem gerass an duerch d’Loft geschleidert huet.
Dëst war elo just eng kuerz Beschreiwung vum Schued, mee vu wëssenschaftlecher Säit ass bekannt, dass et sech em en Tornado vum ieweschten F2-Beräich gehandelt huet. F2 entsprécht Wandvitesse vun 181 bis 253 km/h.
Den Tornado war e sougenannte Multi-Vortex-Tornado. Dat heescht, dass et eng Haaptzirkulatioun gouf, also en Haaptwirbel, an e puer méi klengräimeg Wirbelen, déi ronderemt den Haaptwirbel zirkuléiert sinn. Dës méi klengräimeg Wirbelen sinn extrem kuerzlieweg a baue sech an Zäit vu Sekonnen op an erëm of. Duerch hir séier Dréibeweegung kënnen des bei wäitem méi staark ginn, wéi d’Haaptzirkulatioun. De wierklech zolitte Schued sollt also haaptsächlech duerch den Afloss vun de méi klengräimege Wirbelen ugeriicht gi sinn, an deene wuel déi héchst Vitessen areecht gi sinn. D’Kachelmann-Wiederstatioun vu Péiteng, déi zu Rodange um Clopp situéiert ass, huet eng Vitesse vun 128 km/h gemooss. Et ass also dovun auszegoen, dass den Tornado der Statioun richteg no komm, mee net genee iwwert se ewechgezunn ass.
Multi-Vortex-Tornadoe gëllen als besonnëg geféierlech
War den Tornado viraussobar?
Hätt een den Tornado kënne viraussoen? Jein! Den Tornado u sech, an déi genee Géigend wou en optrëtt, ass eng Saach vun der Onméiglechkeet. Duerch e Koup Berechnunge vun de Wiedermodeller kann een awer op mannst e Potenzial erkennen, ob sech an de kommenden 12 bis 24 Stonnen eng Superzell an eventuell en Tornado forméiere kéint oder net. Am Fall vum leschte Freide konnt een den Owend virdrun tatsächlech Hiweiser op de Modellkaarten erkennen, mee ob sech wierklech eppes entwéckelt weess een zu deem Zäitpunkt nach net.
De Parcous vum Tornado
De gutt 17 Kilometer laange Parcous vum Tornado. Déi héchst Intensitéit gouf am Raum Péiteng mat F2 areecht, an den eenzelnen Subvortices vum Multi-Vortex-Tornado sinn awer wahrscheinlech och Vitesse virkomm, déi engem F3 Tornado entspriechen. Kaart: Tornadoliste.de & Meteo Remich