Haut virun engem Joer: Op d’mannst véier Tornadoen iwwer Nordrhein-Westfalen & Niedersachsen

Virun engem Joer war d’Donnerwiedersaison schonn voll amgaangen. Op d’mannst véier Tornadoe waren duerch d’Bundeslänner Nordrhein-Westfalen & Niedersachsen gezunn, dorënner och Paderborn & Lippstadt.

Advertisement

Eng explosiv Wiederlag

Virun engem Joer huet sech en Déifdrockgebitt vum westleche Frankräich a Richtung BeNeLux beweegt an hat dobäi immens waarm, mee och schmeier Loftmassen an eis Géigende bruecht. Zesumme mat enger markanter Wandscherung (Wandrichtungs- & Geschwindegkeetsännerung mat der Héicht) huet en däitlech erhéichte Risk fir Superzellen an och Tornadoe bestanen. De Risk hat sech haaptsächlech op déi nërdlech Mëtt vun Däitschland bezunn, wou sech am Laf vum Dag Superzellen forméiert haten. Eng Superzell war immens dominant an hat op hirem Parcours fir op d’mannst véier Tornadoe gesuergt, dorënner och staarker. Beispiller vun deenen een an de Medien héieren huet ware Paderborn & Lippstadt, wou immens grousse Schued ugeriicht gouf.

D’Radarbiller vun deemools vu Lippstadt & Paderborn. Se weisen agelagert Superzellen, duerch déi d’Tornadoen och zimmlech am Reen verstoppt waren. Eng immens geféierlech Variant.

Och Knëppelsteng esou grouss wéi Tennisbäll goufen observéiert:

Och zu Lëtzebuerg war deen Dag tëscht 16:26 an 17:00 eng superzellulär Struktur ënnerwee, déi ausser zolitte Reen a Knëppelsteng awer glécklecherweis näischt bruecht hat. Och bei eis war de Risk fir weideres net null, wéi de Convective Outlook vun deemools weist:


De Convective Outlook vum 20.05.2022

An hei nach d’Verifizéierung vun der Donnerwiederlag duerch déi tatsächlech Meldungen, déi an der European Severe Weather Database (ESWD) agaange sinn. Déi véier ugeschwat Tornadoe befanne sech uewen ënnert dem Rand vum rout markéierte Gebitt, iwwerdeems et och bei Aachen esouwéi nërdlech vu Bielefeld zu Tornadoe komm ass. Déi gréng Dräiecker markéiere Plaze, wou déck Knëppelsteng erofkomm sinn, blo Kreeser si Staarkreen.


MB Convective Outlook plus Meldunge vun der ESWD