Haut: Wäermste November-Dag zanter Opzeechnungsufank méiglech

Wéi Dir et sécherlech schonn gemierkt hutt, ass et aussergewéinlech waarm dobaussen. Wourun dat läit, a firwat esouguer fir nei Rekorder duergoe kéint, gitt Dir an dësem Artikel gewuer.

Et ass aussergewéinlech waarm

Mir hunn den 2. November 2020, de Modellrechnunge no sollen haut bei eis Maximaltemperature vun tëscht 16 an 21 Grad optrieden. Fir d’Joreszäit ass dat schonn uerdentlech; déi lescht Kéier wou et an engem November esou waarm war war de 6. November 2011. Um Findel gouf deemols eng Maximaltemperatur vun 18,4 Grad gemooss, un der ASTA-Statioun ass et esouguer fir 20,9 Grad duergaang. Sollten d’Modellrechnunge fir haut also Recht behalen, da kéint et tatsächlech sinn, dass eis haut de wäermste November-Dag zanter Opzeechnungsufank erwaarde kéint.

Den Owend passéiert eis eng Kalfront, hannert där séier méi kill Loftmassen eragefloss kommen. Virum a wärend dem Passage ass mat engem spierbare bis deels stiermesche Wand ze rechnen.


Wéi déi waamrm Loftmassen hire Wee op Lëtzebuerg fannen | Grafik: wxcharts.com

Firwat ass et op eemol esou waarm?

Mir leien ënnert enger staarker Südweststréimung. Ausgeléist gëtt dës duerch déiwe Loftdrock iwwert dem nërdlechen Atlantik an héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum. Duerch des Konstellatioun gi waarm Loftmasse vum Mëttelmier an och aus dem nërdlechen Afrika an eis Géigenden transportéiert. D’Temperature louchen an der Nuecht op de Méinden bal 10 Grad iwwert dem Normalwäert an och dagsiwwer bleiwe se an engem net vill méi niddrege Beräich. No der Zoufuer vun de waarme Loftmasse passéiert eis um Owend resp. an der Nuecht op den Dënschden eng Kalfront, duerch déi et séier méi kill bei eis gëtt. Vun der Nuecht op de Mëttwoch un ass esouguer op den éischte Plazen erëm mat Frascht ze rechnen, och glat Stroosse kënne net ausgeschloss ginn.