Héich Temperaturen, erhéicht Gefor vum Erdrénken

U waarme Summerdeeg, wéi mir et elo scho Woche laang erliewen, zitt et och méi Leit an d’Schwemm, un de Stau (dee mëttlerweil opgrond vu Bloalgen zou ass) oder och un de Baggerweier. Doduerch klëmmt de Risk vun Accidenter, wéi beispillsweis dem Erdrénken. Alleng an Zäit vun de leschte 4 Deeg koum et hei am Land zu 2 déidlechen Accidenter.

Gefor vir Kanner

Vir Kanner ass et besonnëg flott, sech an der Schwemm ofzekillen an ze amuséieren. Oft ass et awer sou, dass oft net gutt genuch op se opgëpasst gëtt. Virun allem op Plaatze wéi um Stauséi oder a Baggerweieren kënnen et um Ufer eenzel méi déif Plaatze ginn, déi scho geféierlech kënne ginn. Wéi de Rettungsschwëmmer Frank Villmov vun der DLRG Berlin erklärt, erdrénke Kanner “lues”. Se géife net em Hëllef ruffen wéi Erwuessener.

Virun allem bei de ganz klengen ass et wichtëg, stänneg do ze sinn vir opzepassen. Bei hinnen ass den Uewerkierper an de Kapp am Vergläich zum Recht vum Kierper méi schwéier. Soubaal se kee Buedem méi am Waasser kréie, kënne se mam Kierper no vir kippen. Dem Rettungsschwëmmer no geet et net duer, wann d’Elteren e puer Meter méi wäit um Duch oder op der Decke sëtzen, vir op d’Kand opzepassen.

Eeler Leit / Männer iwwerschätze sech

Net nëmme bei Kanner ass d’Gefor erhéicht, mee och bei eelere Leit. Virun allem Männer neigen dozou, sech selwer ze iwwerschätzen, virun allem wann Alkohol am Spill ass. De Jens Serbser ass Asaatzleeder beim DLRG Berlin an him kënnt dëst bekannt vir: “Se huele sech eng Boje um Waasser als Ziel an denke net drun, dass se och nach genuch Kraaft mussen hunn, vir zréckzeschwammen” seet hien. Schlussendlech kënne sou Accidenter och an allen Altersklasse virkommen.

Wourobber soll een oppassen, wann ee sech e Séi vir ze schwammen aussicht?

Vir d’Alleréicht sollt een op kee Fall alleng schwamme goen a sech ëmmer iwwer méigleg Geforen informéieren. Et soll ee sech och driwwer am Kloere sinn, wéi déif de Séi eigentlech ass. Virun allem bei Baggerséien ass d’Waasser um Ufer niddrëg, mee gëtt dann, waat een méi wäit erageet, séier an an onregelméissëgen Ofstänn séier an onerwaart méi déif.

Wourunner erkennt een eng Persoun, déi erdrénkt?

E Mensch erdrénkt net, wéi een daat aus de Filmer kennt. Se wénken a se sprangen och net rondrem. D’Erdrénke geschitt éichter lues, well een oft guer net mei an der Lag ass, op sech Opmierksam ze maachen. Wann ee gerett ass, besteht och nach ëmmer d’Wahrscheinlechkeet vum “sekundären Erdrénken”.

Waat ass “sekundärt Erdrénken”?

Huele mir mol un eng Persoun wier grad aus dem Waasser virum Erdrénke gerett ginn. Dono houscht se oft, mee se denkt sech net vill dobäi, well se dovunner ausgeet, se hätt sech just verschléckt. Et gëtt awer gerooden, direkt bei den Dokter ze goen. Et ass nämlech méigleg, dass Waasser an d’Longe gerooden ass. Soss kann et mol virkommen, dass een außerhalb vum Waasser erdrénkt, ouni dass iergendeen mierkt, dass eppes net stëmmt.