Héichdrockwieder: De Frascht ass (kuerz) zréck

Den héije Loftdrock bréngt eis net nëmme méi rouegt Wieder, mee och Frascht an de Nuechten. Glat Stroosse ginn also rem en Thema.

Schon de Weekend rem lues Ëmstellung

En Héichdrockgebitt mecht sech eng kuerz Zäit iwwert eis breet, wat a Richtung Weekend ëmmer méi wäit an den Oste wandert. Den Afloss hëlt also bis dohi rem lues a lues of, genee wéi och d’Zoufuer vun de kille Loftmassen.

Bis et awer esou wäit ass, muss an de nächste Nuechte rem mat deels méi niddregen Temperature gerechent ginn. An der Nuecht op den Donneschde geet et op -1 bis -5 Grad erof, genee wéi och an der Nuecht op de Freiden. An alle Fäll ass mat glate Stroossen ze rechnen. Dagsiwwer leien d’Wäerter tëscht 5 an 10 Grad, also liicht iwwert dem Normalwäert. D’Nuecht op de Samsde gëtt rem eng méi mëll bei Wäerter vun tëscht 2 a 5 Grad. Just wa sech de Niwwel net sollt opgeléist kréie, kann et och am Dag mol méi laang fraschteg bleiwen.

De Weekend iwwer gëtt Frascht rem méi onwahrscheinlech. De Reen an och de Wand réckle rem méi an de Fokus. Je no Entwécklung kënnen d’nächst Woch op e Neits méi kill Loftmassen op eis duerkommen, wou rem déi eng oder aner Flack dobäi kéint sinn. Méi dozou zu engem spéideren Zäitpunkt.

D’Héichdrockgebitt wandert lues an den Osten (ECMWF – wxcharts.com)