Héichwaasser, Iwwerschwemmungen: Den aktuelle Stand a wéini et eriwwer ass

D’Folge vum virausgesoten Dauerreen weise sech esou lues. An dësem Artikel kucke mir op den aktuelle meteorologesche Stand a beäntferten och d’Fro, wéini et eriwwer ass.

Am Nordwesten an am Raum Ettelbréck bis ewell am naassten

De Radardonnéeeë no, mee och de Miessunge vun de Wiederstatiounen, ass Ettelbréck déi Plaz am Land wou et an de leschte 24 Stonnen am meeschte gereent huet. Eppes iwwer 45 l/m² si bis ewell gefall. Opfälleg ass och Béiwen am Nordweste vum Land, wou änlech Zommen erofkomm sinn. Hëlt een d’Radarbiller méi genee ënner d’Lupp, da gesäit een, dass de Nordweste vum Land an de Raum Ettelbréck eendeiteg zwee Schwéierpunkten duerstellen.

Och un der Météo Boulaide-Wiederstatioun ass uerdentlech eppes zesummekomm. Zanter dem Ufank vum Dauerreen sinn 42,8 l/m² duerch de Sensor gelaf.

Uechter d’Land ass et an de Moiesstonnen zu enger Partie Äerdrëtsch komm, och ouni hu mir et mat deels vill Dreck an de Stroossen ze dinn. An de Wisen sammelt sech d’Waasser plazeweis méi héich, an de nächste Stonne kann dëst och mol op d’Stroossen iwwergräifen – änlech, wéi et souwisou schonn beispillsweis zu Gonnereng geschitt ass. Desweidere besteet weiderhin d’Gefor vun Aquaplaning.

Zu Ettelbréck gëtt geroden, den Auto vum Däich ze huelen. Parke kann een awer nach am neie Parkhaus op de Niveaue 0 bis 3.

Wéini et eriwwer ass

Den Dauerreen kënnt sengem Enn ëmmer méi no. Am Laf vum Mëtten a Nomëtte reent et ëmmer manner staark, naass bleift et awer wuel ëmmer nach. Definitiv méi dréche gëtt et an der zweeter Hallschent vun der nächster Nuecht, also der Nuecht op de Mëttwoch. Bis dohi sinn de Wiedermodeller no am Norde vum Land nach eng Kéier tëscht 5 a lokal 10 l/m² méiglech, am Süden tëscht 4 an 8 l/m².

Am Laf vum Owend gëtt et séier méi kill, déi lescht puer Nidderschléi kënnen also besonnesch op de Koppen als Schnéireen oder Schnéi erofkommen. De Risk vu glate Streckenofschnëtter klëmmt bis de fréie Mëttwochmoien am ganze Land.