Heischtergronn: Wollek fält vum Himmel a gëtt geblëtzt

Am fréie Méindenomëtte koum et am Heischtergronn zu engem rare Wiederphänomen, wat esou nach nie zu Lëtzebuerg observéiert ginn ass.

Raren Tëschefall am Heischtergronn

Kuerz no 13 Auer am fréie Méindenomëtten ass an der Zentral vu Météo Boulaide eng Meldung agaangen, déi net ganz alldeeglech zu Lëtzebuerg ass. Am Heischtergronn huet wuel eng Wollek d’Kontroll verluer an ass dorobshin eroofgefall. Et ass den zweete confirméierte Fall vun dësem Phänomen op der ganzer Welt. Neiste Recherche no kann dëst geschéien, wann e Grupp Hoergänsen duerch eng Wollek flitt. An der Wollek kënne gréisser Turbulenzen entstoen, soudass des an Zäit vu wéinege Minutten a Richtung Buedem faale kann.

Radar registréiert Vitesse vun 200 km/h

Nom Virfall huet sech Météo Boulaide beméit, déi exakt Plaz vum Opprall ze déterminéieren. Wéi den Zoufall et wëll, soll d’Wollek am Scan-Radius vum Radar eroofkomm sinn.

An tatsächlech: Um 13:16 Auer huet de Radar en Objet geblëtzt, dee mat ronn 199,92 km/h laanscht den Apparat geblosen ass. Et ass also dovunner auszegoen, dass d’Wollek net riicht eroofgefall ass, mee an engem bestëmmte Wénkel, soudass se sech um Buedem nach e puer mol iwwerschloen huet.

De Phänomen ass als “Cumulus Radarus Bauschus” ze erkläeren. D’Wëssenschaftler hätte ni geduecht, dass dësen Terme iwwerhaapt engkéier an de Gebrauch kënnt.

1 Kommentar

Kommentare sind deaktiviert.