Hëtzt: Et geet virun

No der Kaalfront vum leschte Samsden huet et zu Lëtzebuerg nëmme minimal ofgekillt, wann een daat iwwerhaapt sou nenne kann. Reen ass leider och just lokal begrenzt eroofkomm, soudass et nachëmmer op ville Plaatze vill ze drëchen ass.

GFS: 850 hPa Temperatur (wxcharts.eu)

Hëtzt bleift zu Lëtzebuerg

Dëse Summer huet et wierklech a sëch. Duerch iwwerduerchschnëttlech héich Temperaturen a vill ze wéineg Nidderschlag ass et mëttlerweil vill ze drëchen dobaussen. D’Gefor vu Bësch- a Flächebränn ass erhéicht, de Stauséi an de Séi zu Wäisswampech si mëttlerweil vu Bloalgen belaascht. Duerch d’Hëtzt an de wéinëge Reen verdonschten d’Flëss an d’Baachen: D’Pegelstänn stinn de Moment wäit ënnert der Moyenne aus de leschten 10 Joer.

Dës Woch ass weiderhin mat héichsummerlëchem Wieder ze rechnen, dobäi sollen dann och keng bis nëmme wéinëg Nidderschléi vun uewen eroofkommen. Och wann et reene sollt, et ass keng grouss Hëllef: amplaatz vu Landreen ass, am Fall vu Nidderschléi, éichter mat lokal begrenzten a kuerzzäitëge Schaueren an Donnerwiederen ze rechnen. Déi Quantitéiten déi do eroofkommen, och wann daat mol 10 l/m² sinn, si just eng Drëpps op de waarme Steen. Et misst schon iwwert puer Deeg verdeelt a vill reenen, vir mol rem alles ausgläichen ze kënnen.

Hëtzt bis an den August eran

An de nächsten Deeg geroode mir rem ënnert den Afloss vu méi waarme Loftmassen an annerhalwem Kilometer Héicht, waat sech och op de Buedem auswierke wärt. D’Temperature maache sech op den allermeechte Plaatze rem op de Wee op iwwer 30 Grad. Laut den aktuelle Berechnunge gesäit et sou aus, wéi wann et virun allem Enn der Woch am wärmste sollt ginn.

Während der ganzer Period, vun haut bis de Sonndën, bleift et also héichsummerlech waarem. Sonn a Wollécke wiessle sech bis de Mëttwoch of, woubäi och mol déi eng oder aner lokal begrenzt Schauer méigleg ass. Vum Donnëschden un geet de souwisou scho minimale Risk vu Schauere nach méi wäit zréck an d’Wollécke gi manner. D’Temperature klammen op 34 Grad. Um Freide kéinten dës Werter demno wéi rem geknackt ginn.

De Weekend sinn aus dem momentane Stand aus gesinn nëmme wéineg Wollécken ze erwaarden, reene sollt et also éichter net. D’Temperature bleiwen iwwer 30 Grad am Dag, an de Nuechte killt et kaum of. Do ginn d’Werter op 21 bis 16 Grad zréck. Déi keelst Werter sinn a verschiddenen éislécker Däller ze erwaarden – do kann et mol lokal op 9 Grad zréckgoen.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Ass mëttlerweil en Enn a Siicht?

Wéi een dem Ensemble ofliese kann, besteht ab dem 6. August eng gréisser Onsëcherheet. Etweder et geet mat den Temperature weider biergop, oder et gëtt ganz wéineg manner waarem.

Méi spannend gesäit et ëmt den 10. August aus, wou d’Moyenne vun alle Berechnungen eng däitlech Baisse vun den Temperature simuléiert. Während dëser Phase wieren och rem méi Nidderschléi méigleg an d’Temperature géife sech tëschent 23 a 27 Grad am Dag apendlen. Vir d’Natur wier dëst net schlecht, mee wa se Pech huet muss se sech ëm Mëtt August scho rem méi waarem Loftmassen iwwer sech ergoe lossen. Ob daat kënnt, steet nach an de Stären. Op alle Fall géif et der Natur schueden a just nach negativ Saache mat sëch bréngen.