Hëtzt-Kuerzupdate: Immens waarm jo, mee keng 40 Grad méi

Déi neist Modellkaarte korrigéieren hier Maximaltemperature fir de nächsten Dënschde weider erof - esouguer de GFS, deen virun e puer Deeg nach 43 Grad simuléiert huet.

Wat huet net geännert?

Den Datum vum Peak, dësen ass ëmmer nach den Dënschden, 19. Juli.

Wat huet geännert?

An Tëschenzäit rechent esouguer den GFS, deen virun e puer Deeg nach mat 43 Grad fir immens Diskussiounen an der Wieder-Bubble an och Mediewelt gesuergt huet, net méi mat 40 Grad. D’Berechnunge sinn op tëscht 36 an 38 Grad erofkorrigéiert ginn. Esou wäit esou gutt.

Wat soen déi aner Modeller?

Den europäeschen ECMWF huet seng Wäerter och no ënne korrigéiert, nämlech leien dës fir den Dënschden elo nach bei 30 bis 34 Grad. Den däitschen ICON gesäit nach 32 bis 35 Grad op eis duerkommen.

Géife sech d’Kaarten elo net méi änneren, dann hätte mir ganz normal Héichsummertemperaturen ze erwaarden. Dat ass de Grond, firwat ech ëmmer ausdrécklech soen, dass Wiederkaarten, déi esou laang an d’Zukunft ginn, ëmmer mat grousser Virsiicht ze interpretéiere sinn. D’Iddien sinn ëmmer spannend, an dowéinst weisen ech se gären, mee eng Kaart déi esou wäit an d’Zukunft geet weist ni dat, wat wierklech antrëtt – meeschtens op alle Fall.

Wann et esou bleift wéi elo, wier temperaturméisseg alles gutt. Dass et och an déi aner Richtung hätt kënne goen, wier och eng Optioun gewiescht – resp. dat bleift nach bis de Weekend d’Optioun, déi elo awer éischter onwarscheinlech ass.

Fazit vun haut: normal Héichsummertemperaturen en Vue, mee leider kee Reen. D’Dréchent ass e gréissert Thema wéi d’Hëtzt, wann ee mech freet.