Hëtzt Update: Wéi warscheinlech si nei Allzäit-Temperaturrekorder an der nächster Woch?

D'Hëtzt kënnt! Dëst ass en Artikel, deen op de momentane Modellkaarte baséiert. D'Temperature ginn erëm e bësse méi héich gerechent.

Vir-Info: Déi héchst jeemools gemoossen Temperaturen zu Lëtzebuerg

Déi héchst jeemools gemoossen Temperatur vu MeteoLux läit bei genee 39 Grad, gemooss de 25. Juli 2019 um Findel. Begrenzt ee sech net nëmmen op de Findel, mee op dat ganzt Land, dann ass déi héchst jeemools gemoossen Temperatur bei 40,8 Grad ze fannen – de selwechten Dag zu Réimech gemooss.

Fir déi nächst Woch ass grouss Hëtzt ugekënnegt, a se kënnt mat Sécherheet! Déi eng Modeller rechne Wäerter, déi esou just net un d’Rekordwäerter erukommen, déi aner wëlle nei Rekorder awer tatsächlech net ausschléissen. Et gëtt eng kniffleg a spannend Situatioun. Egal wéi et kënnt: Temperaturen, déi no un den Allzäitrekorder sinn, ënnersträichen, dass mir et op alle Fall mat wäit iwwerduerchschnëttlechen Temperature fir lëtzebuergesch Verhältnisser ze di kréien. Esou Hëtztperiode gi noweislech méi fréquent.

Den Ausbléck

An de leschten Deeg ass ganz vill ronderëmt d’Temperature spekuléiert ginn. Ganz am Ufank war esouguer vu 46 Grad iwwer Nordrhein-Westfalen an Däitschland geschwat ginn, wat awer op enger Extremsimulatioun vum amerikanesche Wiedermodell GFS baséiert huet. Nodeems dunn erëm alles méi niddereg an de Modellkaarten ze fanne war, sinn déi rezent Berechnungen erëm méi um Wee a Richtung 40 Grad. 40 Grad si net nëmmen ongewéinlech fir eis Breeden, mee plazeweis géifen dës esouguer fir nei Statiounsrekorder suergen.

Déi zwee “interessantst” Deeg sinn de Méinden an den Dënschden – fir dës ginn iwwer Europa an och an England d’Hëtzt-Peaks berechent. Dem europäesche Wiedermodell ECMWF no sollen e Méinden zu Lëtzebuerg 34 Grad erreecht ginn, dem däitschen ICON no 35 Grad an dem amerikanesche GFS no esouguer 37 Grad. Och den HD-Wiedermodell vum Kachelmann gesäit knapp 36 Grad op Lëtzebuerg duerkommen.


D’Temperature fir den Dënschden, dem ICON no | Grafik: wxcharts.com

Fir den Dënschde rechent den ECMWF mat bis zu 37 Grad, den däitschen ICON 38 Grad, de GFS mat 40 Grad an den HD-Modell vum Kachelmann mat 38, fläit esouguer punktuell 39 Grad. Dat heescht, dass mir de lëtzebuergeschen Allzäitrekorder nawell zimmlech no kënne kommen.

Mëttwochs géif et dem neiste Stand no aus westleche Richtungen däitlech manner waarm ginn, kill wier et bei 25 bis 30 Grad awer ëmmer nach net.

40 Grad an der Belsch méiglech

De selwechte Modeller no besteet an der Belsch d’Warscheinlechkeet vu 40 Grad a punktuell méi. Fir de Méinden ass den HD-Modell vum Kachelmann mat punktuell 36 Grad dobäi, den europäeschen ECMWF mat 34 Grad, den däitschen ICON mat 37 Grad an den amerikanesche Modell mat 40 Grad.

Dësnchdes breet sech d’Hëtzt iwwert déi gesamt Westhallschent vun der Belsch aus, an och bis an Holland: Den HD-Modell vum Kachelmann rechent 40 Grad, den däitschen ICON 41 Grad, den amerikanesche GFS 43 Grad an den europäesche Modell 37 Grad.


D’Berechnung vum däitschen ICON fir den Dënschden | Grafik: wxcharts.com

Et ass also alles anescht wéi onwarscheinlech, dass an der Belsch kuerzzäiteg 40 Grad erreecht oder esouguer liicht iwwertraff kënne ginn. D’Léisung vum amerikanesche GFS schéngt awer liicht ze héich ze sinn.

England: Eng éischt Kéier iwwerhaapt Warnstuf rout wéinst der Hëtzt

Eng brenzeleg Situatioun steet och fir England un. De staatleche Wiederdéngscht “MetOffice” huet fir de Méinden an och den Dënschden eng rout WIederwarnung virun Hëtzt erausginn – dat huet et nach ni ginn! Virausgesot ginn Temperature vu bis zu 40 Grad, de nationale Rekord läit bei 38,7 Grad a gouf de 25. Juli 2019 zu Cambridge gemooss.

MetOffice schreift:

“Exceptional, perhaps record-breaking, temperatures are likely on Monday, then again on Tuesday. Nights are also likely to be exceptionally warm for the UK, especially in urban areas. This is likely to lead to widespread impacts on people and infrastructure. Temperatures are expected to drop away from Wednesday onwards.”