Hëtztwell a Spuenien: Lokal bis zu 40 Grad net ausgeschloss

A Spuenie sinn an de nächsten Deeg lokal bis zu 40 Grad net ausgeschloss. Och a Südfrankräich ass et hëtzeg, mee net grad esou markant.

Spuenien: Bis de Sonnden

Iwwer Spuenien, besonnesch am Süden a Südwesten, baut sech an enger Héicht vun 1,5 Kilometer eng Waarmloftblos vun tëscht 20 a 25 Grad op, deemno wéi esouguer liicht driwwer. Kee Wonner also, dass vu muer un mat ëmmer méi héijen Temperaturen op Buedemhéicht ze rechnen ass.


D’Temperaturen op enger Héicht vun 1,5 Kilometer | Grafik: wxcharts.com

Muer um Mëttwoch sinn am Süden an och am Nordoste vu Spuenien Maximaltemperature vun tëscht 30 a 35 Grad ze erwaarden – a Richtung Toledo, Andujar an Sevilla sinn och mol bis knapp 37 Grad net onméiglech. Den Donneschde bleift et am ganze Land waarm, den Hëtzt-Hotspot läit méi iwwert dem Süden a Südwesten. Et ass mat Maximalwäerter vun tëscht 35 an 38 Grad ze rechnen, besonnesch erëm nordëstlech vu Sevilla.

Dass et awer nach méi waarm ka ginn, weist de Freiden. Déi aktuell Modellkaarte weisen fir de selwechte Beräich tëscht 36 a 40 Grad, um Samsde kéint et esouguer fir knapp eppes driwwer duergoen. Um Sonnde gëtt et mat 34 bis 37 Grad e bësse manner waarm, ier d’Hëtztwell vun der neier Woch un op en Enn goe sollt.

Frankräich: Freides bis Sonndes

En Deel vun der Hëtzt aus Spuenien entwëscht an de nächsten Deeg och an de Süde vu Frankräich. Déi wäermst Deeg sollen de Freiden, Samsden an och de Sonnde ginn. Wat de Gros vun der Südhallschent vum Land ugeet, sinn tëscht 28 a 34 Grad ze erwaarden, e klengen Hotspot kéint esouguer Grenoble mat ëm 36 Grad ginn. Bis de Sonnde soll et erëm liicht manner waarm ginn, wat engem bei 30 bis 34 Grad awer net groussaarteg opfale wäert.

Vum Méinden un gëtt et och a Südfrankräich erëm méi kill.