Hëtztwell: De viraussiichtleche Fuerplang

Vum Mëttwoch u kënnegt sech eng Hëtztwell un. Wéi sech d’Temperaturen den aktuelle Modellrechnunge no entwéckle wäerten a wéi laang dës Hëtztwell unhale kéint kucke mir eis an dësem Artikel un.

Omega-Wiederlag suergt fir Hëtztwell

D’Wiedermodeller si sech iwwer eng Hëtztwell eenz, och déi zwee “Haaptmodeller” GFS an ECMWF. Vu muer u kënnen op den éischte Plazen erëm Maximaltemperature vu bis zu 30 Grad areecht ginn.

Grond fir d’Hëtztwell ass e sougenannten Blocking Pattern, deen och nach Omega-Wiederlag genannt gëtt. Dës Wiederlage sinn dofir bekannt, iwwer eng méi laang Zäit unhalen ze kënnen a beschreiwen en Héichdrockgebitt, wat duerch ëmleiend Déifdrockgebitter blockéiert gëtt an et doduerch zimmlech schwéier gemaach kritt, sech vun der Plaz ze beweegen. Vum Mëttwoch u verstäerkt sech en Héich iwwer Däitschland an erstreckt sech an den Deeg drop iwwer gréisser Deeler vun Europa. Iwwert dem nërdlechen Atlantik an och iwwer Russland ass déiwe Loftdrock ze fannen, déi d’Héichdrockgebitt iwwer Europa quasi “aspären”.

Duerch dës Konstellatioun gi stänneg summerlech bis héichsummerlech Loftmassen aus dem Südweste vun Europa an och dem westleche Mëttelmierraum ugezaapt, déi eis an de nächsten Deeg mat héichsummerlechen Temperature versuerge wäerten.

Blocking Pattern hält Déifdrockgebitter vun eis ewech. Grafik: wxcharts.com

Déi méiglech Temperaturentwécklung

De Mëttwoch gëtt et méi waarm zu Lëtzebuerg. De momentane Wiedermodellrechnunge no (Stand: 04.08.2020) klammen d’Temperaturen am Nomëtten op e Maximum vu 27 bis 30 Grad. Um Donneschde wiere mir scho rem mat iwwer 30 Grad dobäi, tëscht 30 a knapp 33 Grad wieren ze erwaarden. Déi éischt héichsummerlech Wäerter sollen de Freiden areecht ginn. An der Nordhallschent vum Land klammen d’Temperaturen op 32 bis 35 Grad, an der Südhallschent ass mat bis zu 35 Grad ze rechnen. Laanscht Musel kënnen ëm 36 Grad net ganz ausgeschloss ginn.

Um Samsde geet et mat nach méi héije Wäerter virun. Et ass mat tëscht 33 a 36 Grad an der Nordhallschent ze rechnen, an der Ëmgéigend Ettelbréck oder Miersch si 36 Grad net onméiglech. Am restleche Süde vu Lëtzebuerg hale sech déi héchst Temperaturen tëscht 35 an 37 Grad op. Um Sonnde bleift et ëmmer nach héichsummerlech bei 31 bis 36 Grad ueschtert Land, mee et ass net méi grad esou waarm.

Confirméiere sech d’Berechnunge vun de momentane Modell-Leef, da sollen dës fir d’lescht genannt Wäerter bis Mëtt nächst Woch duerchsetze kënnen. Och duerno soll et summerlech bleiwen, mee fir wéi laang dës Hëtztwell wierklech unhält ka nach kee sou richteg soen.