Hëtztwell: Haut gëtt de Maximum erreecht, lokal ëm 39 Grad net ausgeschloss

No ville neie Rekorder am Weste vu Frankräich verlagert sech d'Wiermtblos elo méi wäit an den Osten. Dat heescht, dass haut och zu Lëtzebuerg de Maximum vun der Hëtztwell ze erwaarden ass.

Hetztwell erreecht Maximum

A Frankräich si gëschter u méi wéi 100 Wiederstatioune nei Allzäit-Temperaturrekorder gemooss ginn. Esou waarm wéi do ënne gëtt et zu Lëtzebuerg zwar net, mee all ze wäit ewech vu Rekorder leie mir awer och net.

Fir d’Nordhallschent vum Land sinn haut um Dënschden tëscht 33 a 36 Grad ze erwaarden, besonnesch am Raum Ettelbréck/Dikrech/Angelduerf sinn och mol 37 Grad net ausgeschloss. An der Südhallschent gëtt et mat 35 bis 38 Grad nach méi waarm, punktuell a besonnesch a gréisseren Uertschafte/Stied ass och eng 39 Grad oder liicht driwwer net onméiglech.

Den offiziellen Temperatur-Allzäitrekord zu Lëtzebuerg läit bei 40,8 Grad, gemooss de 25. Juli 2019 zu Steesel. Un der Wiederstatioun vu MeteoLux um Findel, déi oft als Referenzstatioun geholl gëtt, huet de selwechten Dag 39,0 Grad gemooss. Déi virausgesoten Temperature fir den Dënschden sollten also normalerweis esou just net un dës Wäerter erukommen, an awer gëtt et ganz warscheinlech een vun de wäermsten Deeg, déi mir zu Lëtzebuerg bis ewell haten.

Drénkt vill a vermeid ustrengend Aktivitéiten am Fräie, wa Dir kënnt. An denkt och un eis eeler Matmënschen, well déi hunn et och net liicht.

Fir eis Déieren dobausse kann ee gären eng kleng Schuel mat Waasser dohistellen, och si leiden ënnert dëser extremer Hëtzt.