Hëtztwell: Neien Europarekord a Spuenien, weider Rekorder a Frankräich

Am Südweste vun Europa kënnt et de Moment zu enger Hëtztwell mat ville neie Statiounsrekorder. A Spuenien gouf esouguer e neien Europarekord fir de Mount Januar opgestallt.

Héichdrockgebitt suergt fir ongewéinlech héich Temperaturen

Am Südweste vun Europa ass et de Moment vill ze waarm fir d’Joreszäit. Gëschter um Donneschde goufen a Spuenie knapp iwwer 30°Cgemooss, esouguer a Frankräich goufe 25°C geknackt! De Grond dofir ass e grousst Héichdrockgebitt, wat bis haut de Moie mat sengem Kär iwwer Spuenie louch. Direkt ënnert dem Héich sinn déi fir d’Joreszäit aussergewéinlech Temperaturen opgetrueden.


D’Temperaturanomalie op annerhallwem Kilometer Héicht iwwer Südwesteuropa | Grafik: wxcharts.com

A Frankräich war et ganz am Süden am wäermsten. Zu Vivès huet den Thermometer gëschter 25,6°C ugewisen, och zu Tarbes gouf de Rekord vum 28. Januar 1966 mat genee 23°C geknackt – deemools waren et 22,6°C.

Europarekord a Spuenien

Jo, am Süde vu Frankräich ass et aussergewéinlech waarm. A Spuenien huet den Thermometer gëschter awer esouguer e Maximum vun 30,7°C ugewisen, dat zu Gavarda bei Valencia am Oste vum Land. De wäert ass esou héich, dass en an engems och déi héchst Januartemperatur ass, déi jeemools um ganzen europäesche Kontinent gemooss gouf. Domat ass et de Moment gutt 15°C méi waarm wéi normalerweis.


Grafik via @David_E8 op X, Donnéeën: AEMET

Fir ze verdäitleche, wéi waarm et a Spuenie war, huele mir déi gemoosse Maximaltemperaturen vun de Statiounen aus dem ganze Land an huelen den Duerchschnëtt. Mir komme bei 19,99°C eraus, wat definitiv den héchste Wäert ass, deen jeemools an engem Januar opgetueden ass. Dës Donnéeë stame vun der AEMET, déi zanter 1950 mësst. Op zweeter Plaz ass den 28. Januar 2021 mat 19,68°C, op der drëtter erstaunlecherweis de vergaangene Mëttwoch mat genee 19°C.


D’Duerchschnëtts-Maximaltemperaturen iwwert déi lescht 74 Joer. 2024 weist sech elo schonn mat enger markanter Anomalie |Grafik via @David_E8 op X, Donnéeën: AEMET