Hierscht: Return Of The Hauswénkelspann

Net nëmme mir Menschen dinn eis vum Hierscht un dem Wieder entspriechend un, mee och déi kleng Déiercher siche sech eng waarm Plaz fir d’Joreszäit ze iwwerstoen.

D’Wieder lackelt d’Spannen an d’Haiser

Soubal et dobaussen duerch d’Joreszäit méi kal gëtt, passe net nëmme mir Mënschen eis de Konditiounen un, mee och d’Déieren. Een Déier gëtt dann besonnesch vun eis gefaart, nämlech d’Spannen a virun allem d’Hauswénkelspann. Firwat dës fir eis awer ongeféierlech a wisou se genee elo méi oft an eisen Haiser ze fannen ass, fannt Dir an dësem Artikel eraus.

Den Haaptgrond, firwat d’Spanne méi oft an eisen Haiser ënnerwee sinn, sinn d’Temperaturen. Soubal et am Hierscht méi kal gëtt, krabble se duerch all nach sou klenge Spalt an de méi waarme Raum a siche no enger sécherer an dréchener Plaz, fir hir Näschter ze spanen. Hir Liiblingsplaze si Späicheren, Kelleren, Maueren – a wa net grad am Haus, dann och gäre mol de Schapp am Gaart. Keng liicht Zäit fir all d’Spannenphobiker ënnert eis, well oft verlafe se sech och an eist Schlofzëmmer. Mee keng Angscht: obwuel d’Spanne bis ëm 10 Zentimeter grouss kënne ginn, si se ongeféierlech. Wann ee vun der Hauswénkelspann gebass gëtt, huet dat iwwerhaapt keng Niewewierkungen. Suerge maache muss ee sech also éischter keng.

Wichteg fir den Ekosystem

D’Hauswénkelspann ass immens wichteg fir den Ekosystem, et sollt een se am beschten um Liewe lossen. Se hält all méiglech Insekten, déi mir och net gär an eisen Haiser gesinn, fort, wéi beispillsweis Mustiken, Mécken, Kellerasselen an esou weider. Wann een d’Déier ouni se ëmzebrénge well lassginn, da soll ee se mat engem Glas an/oder engem Stéck Kartrong fänken an eraus an d’Natur bréngen. Fir dass d’Déier net méi an d’Haus erakënnt, oder op mannst manner gutt, kann ee Méckegitteren an d’Fënster hänken an och soss Lächer a Spalten mat Biichten-Leeschten zoumaachen.

Eng Lavendelplanz hëlleft iwwrëgens och, fir d’Spannen aus dem Raum ewechzehalen. Dat gëlt net nëmme fir d’Spanne, mee beispillsweis och nach fir d’Harespelen.