Hierscht & Wanter: Firwat de Niwwel d’Prognosen duercherneengeheie kann

Dir kennt et: et ass Sonn virausgesot, an awer bleift et iergendwéi de ganzen Dag laang gro... de Niwwel wëll net esou richteg verschwannen. Mee firwat ass dat esou, dass eng Prognos duerch de Niwwel esou duercherneenbruecht gëtt?

Loosst Iech den Artikel virliesen:

Oder liest e selwer:

Wann de Wanter sou lues ugeschlach kënnt, heefe sech d’Deeg, un deenen et dréif a niwweleg ass. Oft kënnt et dobäi och zu liichtem Fisemreen an am grousse Ganzen einfach zu engem latzege Wuelbefannen. An dëse méi niwwelegen Zäite musse sech d’Meteorologe méi Gedanken ëm d’Kreéiere vu Prognose maache wéi soss. De Grond? De sougenannte Niwwel-Lotto. Ier ech awer elo méi genee op dëst Phänomen ze schwätze komme, kucke mir mol zesumme wéi Niwwel iwwerhaapt entsteet.

Fir et einfach ze soen: Niwwel ass usëch näischt aneschters wéi eng Wollek op Buedemhéicht. Vill kleng a reng Drëpsercher schwiewe viru sech hin a reflektéieren d’Liicht, wat fir eis d’Siicht markant beaflosst. An der kaler Joreszäit sinn d’Deeg méi kuerz wéi d’Nuechte, soudass sech d’Loft méi laang a méi staark ofkille kann. Kal Loft ka manner Waasserdamp ophuele wéi waarm, waat dofir suergt, dass déi relativ Loftfiichtegkeet klëmmt. Wann d’Lofttemperatur de sougenannten Taupunkt erreecht, bedréit d’relativ Loftfiichtegkeet ronn 100 %. D’Loft ass also komplett mat Waasserdamp gesiedegt, soudass dës kee weidere méi ophuele kann. Fält d’Temperatur weider, soudass quasi nach méi Fiichtegkeet bereetstoe géif, ass d’Loft iwwersiedegt. Décke Niwwel mécht sech breet.

Dëst war elo d’Erklärung vun der allgemenger Enstéiung vu Niwwel. Vun dësem ginn et awer e puer verschidden Zorten: Wann een an enger Wiederprognos héiert, dass virun allem laanscht d’Flossdäller mat Niwwel ze rechnen ass, dann ass de Verdonschtungsniwwel gemengt. Well souwisou scho méi Fiichtegkeet accessibel ass, mussen d’Temperature net sou wäit fale, fir un den Taupunkt erunzekommen. Dohier sinn dës Platze bei zréckgoenden Temperaturen oft déi éischt, déi et mat Niwwel ze di kréien.

Eng weider, ganz verbreet Form vu Niwwel an eise Géigenden, ass den Advektiounsniwwel. Dëse kënnt zustane, wa sech fiichtwaarem Loftmassen iwwer méi kill Buedemflächen drécken. Bei eis mecht sech déi Zort vu Niwwel oft als Héichniwwel bemierkbar, zemools wa sech waarm Loftmassen iwwer sougenannt “Kälteseeen” leeën. Souee Kältesee ass vun der Orographie ofhängeg a fungéiert bësse wéi eng Bidden, déi mat kaler Loft gefëllt gëtt. An der Héicht, do wou d’Grenz vu waarm a kal sech beréieren, entsteet den Héichniwwel, dee sech iwwer Stonnen an schlëmmste Fall souguer Deeg zéie kann. Dës Wiederlag gëtt och nach Inversioun genannt an ass eppes besonnësches. Firwat? Normalerweis gëtt et mat der Héicht ëmmer méi kal, an dësem Fall ass et awer ëmgekéiert. No uewe gëtt et méi waarm, no ënne méi kal – also genee d’Géigendeel vun deem, wéi et normalerweis wier.

Niwwel forméiert sech haaptsächlech an der kaler Joreszäit, kënnt awer och am Summer ëmmer erëm vir. Eng ontypesch Zort, wou Niwwel entstoe kann, ass duerch en Donnerwieder. Falen dës méi staark aus, da kënne gréisser Quantitéiten u Knëppelsteng erofkommen, heiansdo och mat gréisserem Duerchmiesser. Bei fiichtwaarme Wiederlagen, déi souwisou fir d’Bildung vun Donnerwieder néideg sinn, ass den Taupunkt vu sech aus schonn zimlech héich. Dëst bedeit, dass d’Temperatur net wäit fale muss, fir dass de Kondensatiounsniveau, also den Taupunkt erreecht gëtt. D’Knëppelsteng kënnen d’Landschaft ënner Ëmstänn kuerzzäiteg ausgesi loosse wéi am Wanter, d’Loft an der Ëmgéigend vum Donnerwieder gëtt drastesch ofgekillt. Dës Couche vu Knëppelsteng brauch eng gutt Zäit, bis se ganz geschmolt ass. D’Resultat: Den Taupunkt gëtt séier erreecht, soudass sech doduerch Niwwelbänke forméiere kënnen.

Mir hunn eis jo elo verschidde Niwwelzorten ugekuckt an och wéi Niwwel iwwerhaapt entsteet. Wat huet et da lo mam Niwwel-Lotto op sech? Ënnert dësem Begrëff versteet een d’Onsécherheet, ob sech de Niwwel am Verlaf vum Dag opgeléist kritt oder net. Am Wanter kënnt et oft vir, dass et trotz sonnege Wiederprognosen de ganzen Dag beim Niwwel bleift. Mee wéi kann dat sinn? Wann een als Meteorolog oder Wiederbegeeschterten eng Wiederprognos mécht, bezitt ee sech op sëllech Wiedermodeller. Bekannt Nimm sinn dobäi den amerikanesche Modell GFS, déi däitsch Modeller COSMO oder ICON oder och den europäesche Modell EZMWF. Vun dëse Modeller ginn et nach eng ganz Rëtsch, déi opgezielt ginn awer am meeschte benotzt. Ausgerechent ginn dës Modeller a Rechenzentren souwéi extrem leeschtungsstaarke Computeren. Dës Computere gi mat Millioune vun Date vu Wiederstatioune gefiddert, déi dann dorausser den aktuellen Zoustand vun der Atmosphär ermëttele kënnen. Mat Hëllef vun e puer physikaleschen Équatioune ginn am weidere Schratt déi méiglech Verännerungen an der Zukunft berechent. D’Modellrechnungen, déi dobäi erauskommen, entspriechen awer nach laang net ëmmer dem, wéi et sech tatsächlech entwéckelt. Wat de Niwwel ugeet, di se sech oft schwéier, déi korrekt Ufankszäit, Intensitéit an Dauer ze errechnen. Sou weisen se oft un, dass sech de Niwwel an de fréie Stonne vum Virmëtteg opléist – heiansdo gëtt och guer kee Niwwel simuléiert. A Wierklechkeet ass et dann awer de ganzen Dag laang gro an dréiw, d’Sonn gëtt vun enger décker Schicht aus Héichniwwel bedeckt. Et géif ee bal mengen, dass d’Wahrscheinlechkeet, mat enger Niwwelprognos richteg ze leien, sou grouss wier, wéi déi, am Lotto ze gewannen. Aus Erfarung weess ech, dass een d’Trefferquote quasi als 50/50 Chance astufe kann.

Ab dem Fréijoer gëtt d’Wahrscheinlechkeet vu sou enge Niwwel-Lotto-Situatiounen ëmmer méi kleng, well et net méi sou oft zu Niwwel kënnt. D’Nordhallefkugel neigt sech erëm lues a lues méi der Sonn zou, soudass d’Sonnestralen d’Temperaturen an de Moiesstonne méi einfach iwwert den Taupunkt drécke kënnen. De Niwwel léist sech also séier op an engem frëndlechen Dag steet meeschtens näischt méi am Wee.

Fir dat ganzt Ofzeschléisse nach e klenge Fun Fact: D’Niwwel-Drëpsen si gréisstendeels tëschen engem Honnertstel an engem Zéngtel Millimeter grouss. E Kubikmeter Niwwel entsprécht engem Gewiicht vun engem Honnertstel bis hin zu engem Drëttel Gramm.