Hierschtwieder: De Weekend ass den éischten Abroch vu kale Loftmasse méiglech

Et kann elo nawell ganz séier goen: de Weekend ass en éischten Abroch vu kale Loftmasse méiglech - esou, wéi se am Hierscht eben typesch sinn.

Jacketten an déck Pullovere prett halen

Déi 26 Grad, déi de Moment um Méindenowend gemooss ginn, sollt een als Frënd vun der Wiermt nach genéissen. Et kéint nämlech eventuell souguer déi lescht Kéier sinn fir dëst Joer, dass et esou waarm ass. A wann net, dann definitiv eng vun de wéinege leschte Kéieren. De Grond: Den Hierscht probéiert sech ëm all Präis duerchzesetzen.


Déi viraussiichtlech Situatioun fir de Weekend | Grafik: wxcharts.com

Vun der zweeter Wochenhallschent un stellt sech déi typesch Grousswiederlag an, déi et zouléisst, dass immens kill Loftmassen an der Héicht aus dem héije Norden op Lëtzebuerg kënne gezu kommen. D’Modeller si sech mat dëser Berechnung zimmlech eenz, wat also bedeit, dass dës Aussiichten dem neiste Stand no zimmlech warscheinlech sinn.

Wat mécht dat mat eisen Temperaturen?

Esou richteg mierke sollte mir de markanten Temperaturréckgang vum Freiden un. Fir deen Dag ginn de Modellrechnunge no nach Maximaltemperature vun tëscht 12 a 16 Grad an der Nordhallschent erreecht, am Süde wiere mir nach punktuell mat 17 Grad ënnerwee. Fir de Samsden an de Sonnde gesäit et no Héchstwäerter vun tëscht 11 a 14 Grad am Norden aus, am Süden 13 bis 16 Grad. Eng minimal Erwiermung kéint dann Ufanks der nächster Woch asetzen, wat een awer net mat Virsiicht genéisse sollt – et ass nämlech nach ze laang bis dohin.

Ass et schonn Zäit fir Frascht?

Wärend dem genannten Zäitraum kënnen d’Temperaturen an de Nuechten op tëscht 4 an 8 Grad falen. Wat d’Buedemtemperaturen ugeet, kann et nach e Stéck méi déif goen. Op mannst lokal begrenzt, besonnesch an den Däller, sollte mir keng Kilometer wäit ewech vu Wäerter no um Gefréierpunkt sinn. Dofir duergoe sollt et awer nach net grad.