Hinweis: Nächst zwou Nuechte glaat Stroosse méigleg!

Um Donnëschden an um Freide geroode mir ëmmer méi ënner Héichdrock, soudass och manner Wollécken ënnerwee sinn. Doduerch faalen d’Temperaturen zäitweis richtëg déif.

Buedemfrascht a lokal glaat Stroossen

An der Nuecht op den Donnëschde si nëmmen e puer wéineg Wollécken ënnerwee, op ville Plaatze klärt et op. Virun allem an den Däller kënne sech Niwwelfelder forméieren, déi d’Stroosse fiicht gi lossen. D’Temperature faalen op 7 bis 3 Grad op de meechte Plaatzen am Land, virun allem an den Däller am Norde kann et awer op 3 bis 0 Grad ofkillen. Et muss also mat Buedemfrascht gerechent ginn, lokal begrenzt kann et dann och mol glaat ginn.

D’Nuecht op de Freide verleeft ähnlech. Et ass nëmme liicht wolléckeg bis kloer, soudass et gutt ofkille kann. Am Süde geet et op 7 bis 3 Grad eroof, am Norden op 3 bis 0 Grad. Et ka rem zu lokale glaate Stroosse kommen. Dass ee Moies d’Autosscheif kraatze muss kéint sech awer net nëmmen op de Norde begrenzen.

Ausféierlechen Artikel zum weidere Verlaaf: “Scho gläich rem 20 Grad, mee kaal Nuechten