Hinweis: Um Donnëschdemoien ass Glëtz méigleg

Demnächst ass rëm mat Nidderschléi zu Lëtzebuerg ze rechnen, déi ufanks nach als Schnéi eroofkommen. Am Laaf vun der Zäit ginn dës awer a Reen iwwer, woubäi tëschenduerch och mol Glëtz eroofkomme kann.

Um Donnëschden gëtt ët méi mëll

Den Donnëschdemoien ass den aktuelle Modellrechnunge no plaatzeweis mat Glëtz ze rechnen, ier de Nidderschlag am Laaf vum spéide Virmëtten definitiv a Reen iwwergeet. Ët sinn Temperature vun 2 bis 4 Grad am Norden an 3 bis 5 Grad am Süden ze erwaarden. De ganzen Daag kann ët zu Reeschauere kommen, déi awer meechtens schwaach ausfaale sollten.

Wéi kënnt ët iwwerhaapt zu Glëtz?

Zu Glëtz kënnt ët, wann sëch méi waarem Loftmassen iwwert eng a Buedemgéigend leiend kaal Loftschicht leeën. Gefruerene Nidderschlag fällt also eng Zäit laang duerch déi méi waarem Loftmassen an entdeet, ier en ënnendrënner rëm an déi kill Loftmasse geréit. Do huet en nët méi genuch Zäit, vir rëm a Schnéi iwwerzegoen, a fréiert zu Glëtz. Well de Buedem gefruer ass, setzt dëse sëch um Buedem fest a kann eng Äisschicht op der Strooss souwéi och un anere Géigestänn ausbilden. Doduerch kann ët a kuerzer Zäit zu geféierlëche Konditioune op de Stroosse kommen. Folgend Grafik verdäitlëcht dëse Virgang.

D’Waarmloft leet sëch iwwert déi kill Loftmassen, well se méi liicht ass.
Grafik: unwetterzentrale.de