Hinweis: Um Sonndën ass eng Onwiederlag nët auszeschléissen

Nodeems ët de Samsden meechtens bedeckt ass an och nach déi meecht Zäit drëche bleift, verschlechtert sëch d’Situatioun um Sonndën. Daat ass daat, waat déi aktuell Wiedermodeller sou hierginn.

Ët gëtt mat enger Déifdrockentwécklung iwwer Frankräich gerechent. Dëst Déifdrockgebitt ass zwar nëmme kleng, mee huet et an sëch. Op der Virdersäit (Vorderseite) vum Déif géife mol nach méi mëll Loftmassen an eis Géigende geschëppt ginn. Dëst géif bedeiten, dass um Sonnde selwer eventuell nachengkéier 21 Grad ereecht géife ginn. Kuerz Zäit drop kënnt d’Kaalfront hannendrun a verdrängt déi méi waarem Loftmasse rem, waat nët roueg iwwer d’Bühn goe wärt.

En Déifdrockgebitt féiert u sénger Virdersäit nachengkéier waarem Loftmassen a Richtung Lëtzebuerg, an där sech präfrontal vun der Kaalfront schon Donnerwiedere forméiere kënnen. Um fréie Méinden ass mam Kaalfrontduerchgang ze rechnen. Grafik: wetter3.de

Aktuell Modellleef gesinn, dass d’Déif an der Nuecht op de Méinden mat séngem Kär westlech, ongeféier op der Héicht vu Paräis, Bréissel an Antwerpen, un eis laanschtzéie wärt. De Kärdrock bedréit dobäi gutt 995 hPa. An dësem Zäitraum zitt och d’Kaalfront iwwert eis ewech, waat sech virun allem duerch staarke Wand (eventuell Stuerm) bemierkbar maache wärt. Och um Daag virdrun, dem Sonndën, kann ët am Fall vu Schaueren an Donnerwiederen richtëg lëftëg ginn.

Wéi genee daat de Weekend alles oflaafe wärt, ass nach onsëcher. Dëst sollt just en éichten Hinweis sinn, dass ët de Sonndën an de Méinden nët sou ganz gemittlëch kéint ginn. Profitéiert also sou gutt et geet vun haut oder vu muer oder och nach e bësse vum Samsden. Ech haalen Iech um Laafenden.