Historeschen Owend: SpaceX flitt mat Astronauten an de Weltall

Den Dag vun haut ass e ganz besonneschen an der Geschicht vun der Raumfaart. SpaceX wäert fir d’éischte Kéier iwwerhaapt Astronauten op d’ISS befërderen.

En historeschen Owend

Déi leschte Kéier, wou Astronauten vun amerikaneschem Buedem aus op d’ISS geflu sinn, ass scho 9 Joer hier. Haut gëtt de Grondsteen fir eng nei Ära geluecht, nämlech duerch SpaceX – der privater Entreprise vum Elon Musk.

Bis 2011 sinn d’Astronauten mam Space Shuttle um Cape Canaveral gestart – aus Käschtegrënn awer huet de ganze Projet awer missen annuléiert ginn. All d’Astronauten, déi zanterdeems op d’ISS geflu sinn, si vu Russland aus gestart. Duerch d’Zesummenaarbecht tëscht der NASA a SpaceX si kënfteg awer rem där Missioune méiglech. A nach méi beandrockend: duerch den immensen technesche Fortschrëtt dee SpaceX an de leschte Joren opzeweisen hat, kann dëst den Ufank vun enger neier Ära sinn. Als Erënnerung: SpaceX huet et fir d’éischt Kéier iwwerhaapt hikritt, hir Rakéiten ze recycléieren – also se no enger Missioun erëm ze benotze, well se erëm genee sou op der Äerd lande kënne wéi se starten.

Livestream vun der Crew Demo-2 Missioun

Zwee Astronauten ënnerwee op d’International Raumstatioun ISS

Florida steet de Moment ënnert dem Afloss vun engem Déifdrockgebitt, wat zum Zäitpunkt vum Start zu enger gewësser Reewarscheinlechkeet féiere wäert. Op d’Wanddate gekuckt, kënne Spëtzte vu bis em 30 km/h optrieden. Wéi et Stand aktuell (30.05.2020 – 11:55 Auer) mol ausgesäit, stinn d’Chancen trotz enger gewësser Warscheinlechkeet vu Wiederen en Tick besser wéi de Mëttwoch. Updates iwwer d’Missioun ginn et op den Twittersäite vun der NASA a vu SpaceX.

Gëtt de Start approved, da fléien déi zwee Veteran- Astronauten Bob Behnken (49) an den Doug Hurley (53) mat zesummen 1400 Stonne Weltraumexperienz op d’ISS. Dëst net méi an enger Sojus- Rakéit wéi deemools, wou déi amerikanesch Raumfaart nach vu Russland ofhängeg war, mee mat der Crew Dragon. Net nëmmen déi nei Raumkapsel ass vu SpaceX, mee och déi ganz Rakéit. D’Astronaute gi souguer mat engem fuschneien Tesla bei d’Rakéit gefuer.

D’Falcon 9 mat der Crew Dragon soll dem Plang no um 21:22 Auer eiser Zäit vun der selwechter Plaz aus ofhiewe wéi deemools d’Apollo- Missiounen op de Mound. De ganze Komplex vun der genannter Startplaz huet awer opgrond vun der Bauweis vun der Rakéit vu SpaceX missen ëmgebaut ginn – inklusiv neier Bréck, fir dass d’Astronauten an d’Rakéit klamme kënnen. Foto: Bob Behnken (lénks) an den Doug Hurley / SpaceX

Crew Dragon war scho mol un ISS ugedockt

D’Crew Dragon war scho mol eng Kéier un d’ISS ugedockt, an zwar fir all méiglech Gidder un d’Astronauten do uewen ze liwweren. Den Ënnerscheed dës Kéier: et si keng Gidder, mee eben Astronauten. Et ass déi éischt Kéier iwwerhaapt, dass SpaceX Mënschen transportéiert – an och déi éischt Kéier, dass eng Rakéit, déi virdru Leit an de Weltall bruecht huet, och riicht wéi eng Käerz rëm op enger klenger ferngesteierter Plattform am Atlantik lant. All dat ass Neiland an ass bal net méi mat der deemoleger Technik ze vergläichen.

Leeft alles no Plang, da sinn déi zwee Astronauten Behnken an Hurley nom Start gutt 19 Stonnen a Richtung International Raumstatioun ënnerwee, déi a 400 Kilometer Héicht all 90 Minutten een Tour ronderëm eis Äerd mécht. Muer um Donneschden dann, sou géint 20:56 Auer eiser Zäit, soll d’Crew Dragon schonn ugedockt hunn an d’Luken fir an d’Raumstatioun ginn opgemaach. Do gi se dann vun dräi aneren Astronauten, dem Chris Cassidy, dem Anatoli Iwanischin an dem Iwan Wagner an Empfang geholl.

Crew Dragon leider net vun eis aus ze gesinn

Anescht wéi de vergaangene Mëttwoch, ass d’Missioun dës Kéier leider just per Livesteam fir eis matzeverfollegen. Vun Europa aus wäert een d’Crew Dragon net gesinn.