Hiweis: Am Laf vum Dag deels stramme Wand ze erwaarden

Nom Randdéif ass virum Randdéif: am Laf vum Dag gëtt et op e Neits ongemittlech. De Wand hëlt zou.

Waarmfront am Laf vum Dag

Um Moie kënne mir e puer där méi roueg an dréche Momenter genéissen, op de Koppen am Norden ass eng flott wäiss Wanterlandschaft ze bestaunen. Am Laf vum Dag gëtt et séier erëm méi variabel, dat well eis vum fréie Nomëtten un eng Waarmfront erreecht. Un dëser Waarmfront kënnt et zu groussflächege Nidderschléi, déi och mol méi kräfteg ausfale kënnen. Am längsten hält de Schnéifall, trotz de kuerz méi héijen Temperaturen, op de Koppen duerch. Méi dozou fannt Dir awer an de Wiederprognosen an der App an hei um Internetsite.

Wand gëtt spierbar

Dës Waarmfront bréngt eis net nëmme nei an deels méi laang unhalend/kräfteg Nidderschléi op Lëtzebuerg, mee och Wand. Sou sollen dem amerikanesche Wiedermodell GFS no vum Nomëtten u Wandvitesse vun tëscht 50 a 65 km/h optrieden. No engem kuerze Moment tëscht dem spéideren Owend an der zweeter Hallschent vun der Nuecht op de Sonnden wou et méi roueg ass, ass un der Récksäit vum Randdéif op ee Neits mat méi kräftegem Wand ze rechnen. An de Spëtzte sinn erëm bis zu 65 km/h net ausgeschloss, op exponéierte Plaze sinn och mol bis 70 km/h net ausgeschloss.


Déi berechent Wandspëtzten fir de Verlaf vum Owend, dem GFS no. | Grafik: wetter3.de

Och aner Wiedermodeller si mat zäitweis méi stramme Berechnungen dobäi, allerdéngs sollte mir net an de warnrelevante Beräich vu 75 km/h an opwäerts geroden. Am weidere Verlaf vun der zweeter Nuetshallschent an a Richtung fréie Sonndemoie gëtt de Wand séier méi schwaach.